Manktem u ClientenD'Campingsbedreiwer stelle sech op eng moer Saison an

Tom Hoffmann
Zanter dësem Weekend sinn Campinger nees hei am Land op an et si schonn e puer Roulotten an Zelter doruechter ze gesinn.
D'Campingsbedréiwer stelle sech op eng moer Saison an
Zanter dësem Weekend sinn Campinger nees hei am Land op an et si schonn e puer Roulotten an Zelter doruechter ze gesinn.

Wéi et duerch d’Kris awer ze erwaarde war, wäert och keng einfach Zäit op Campingsbesëtzer duerkommen. Eppes steet fest, et schloen wéineg Camper hier Zelter op.
D'Florence Kirtz-Bertemes ass net nëmme Presidentin vum Campingsverband Camprilux, ma och stolze Besëtzer vum Camping Tëntesmillen un der Our. 56 begeeschter Camper fannen hei eng gemittlech Plaz. Normalerweis wier de Camping em Christihimmelfahrt gutt gefëllt. Dëst Joer gesäit dat duerch déi bekannte Grënn anescht aus. An den Reservatiounsbicher gëtt e Réckgang vun 90% notéiert.

Duerch déi Hëllefen, déi de Ministère un d'Betriber weiderginn huet, kéint de Camping sech den Ament Iwwer Waasser halen, mä et hofft een, dass och nom Etat de crise, weider Ënnerstëtzunge mat ageplangt ginn.

Mir schaffen jo souzesoe 6 Méint, an do muss esou vill erakommen, dass mir de Wanter iwwerliewen. An dëse 6 Méint kënnt bestëmmt net esou vill eran, also musse mir nach op weider finanziell Hëllef hoffen, dass mir iwwert de Wanter kommen, sot d'Presidentin Florence Kirtz-Bertemes.

70% vun de Gäscht sinn Hollänner, déi duerch Grenzkontrollen vun de belschen Nopere Schwieregkeeten hunn anzereesen. Dowéinst gouf en Dokument mam belsche Ministère ausgeschafft, fir Clienten iwwert Grenz ze kréien.

Wann se dat Dokument mat der Réservatiounsconfirmatioun virweisen kënnen si iwwert Grenz. Si dierfen awer net stoen bleiwen fir ze tanken oder e Kaffi ze drénken.

Um Camping selwer goufen all sanitär Mesuren ëmgesat an déi 18 Camper, déi momentan un der Our iwwernuechten, fille sech wuel.

De Campingsverband selwer zielt 55 Memberen an am Joer 2019 goufen 950.000 Nuitéen gezielt. Dëst Joer wäerten et der bedeitend manner ginn, mä et dierf een, der Presidentin no, de Kapp net hänken loossen.

Mir mussen effektiv elo no vir kucken a mat der Situatioun eens ginn a mat de Restriktiounen, déi d’Regierung en place gesat huet, a mir mussen dat kënnen ëmsetzen, egal wat et elo ass. Ob et de sanitäre Beräich ass, wéi Camper ukommen oder mir se empfänken… eppes ass sécher, dëst Joer mussen mir eis mat manner zefridden ginn.

Et wäert net einfach ginn, fir dëst Joer an d'Vakanz ze fléien, mä vläicht kënnt deen een oder aneren jo op Iddi, eist Lëtzebuerger Ländchen op eng aner Aart a Weis ze entdecken.

Back to Top
CIM LOGO