
Nieft der Regierung, gëtt elo och d'Chamber aktiv a wëll ënner anerem ganz spezifesch Drock op Frankräich maachen. Hei ginn den Ament déi nei Lafzäite vun den Atomzentralen diskutéiert.
Et wier elo de richtegen Ament, Drock op d'Fransousen ze maachen, esou den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo. Déi franséisch Assemblée Nationale géif kuerz virdru stoen, hire Plang fir d'Energie-Transitioun ze maachen. Dobäi kënnt, fir déi éischte Kéier, de Support vum däitsche Bundestag: „Bis elo ass Lëtzebuerg ëmmer zesumme mat Vertrieder vun de „Länder“ opgetrueden. Lëtzebuerg als Land, an eis Noperen: Saarland, Rheinland Pfalz, als „Länder“. Elo kënne mer hoffentlech a mir wäerten eng Initiativ an déi doe Richtung huelen: mat eise Kollegen, op enger nationaler Bundesebene, eng Demarche maache vis-a-vis vun der franséischer Regierung.“
Eng franséisch Regierung, déi gären awer mol op stur schalt, wann et ëm Atomkraaft geet. Dat mengt och den DP-Deputéierte Max Hahn: „Et ass schwiereg. D'Fransouse gleewen un hier Atomenergie. Si gleewen un d'Sécherheet vun hiren Atomkraaftwierker. D'selwecht ewéi déi Däitsch nach ëmmer un hier Kuelekraaftwierker gleewen. Mir mussen als Lëtzebuerger elo weisen: hei et geet anescht. An mir mussen eis Efforten nach massiv verdéiwen an dat ass jo och de Wëlle vun der Regierung an der Chamber, fir ze weisen, et geet och mat méi erneierbaren Energien.“
Et misst een alles maachen, fir d'Konditioun vun den Atomzentralen, dorënner och Cattenom, esou sécher, ma och esou deier ewéi méiglech ze maachen. Nieft de politeschen Demarchen, soll Frankräich och technesch ënner Drock gesat ginn. Atomenergie wier op Dauer finanziell net rentabel: „Doduerch datt ëmmer néi Sécherheetsmoossname musse gemaach ginn, kënnt et dozou, datt et méi deier gëtt, fir et weider ze bedreiwen, ewéi fir et ofzeschalten.“
Dës Initiativ, vum Gréngen Deputéierten Henri Kox, soll séier ëmgesat ginn. Nach virun der Vakanz.
Lëtzebuerg widdersetzt sech der pluriannueller Energie-Proggrammatioun vun eise franséischen Noperen: d'Gesondheet an d'Sécherheet vu Lëtzebuerger Bierger wieren impaktéiert, heescht et vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Energieminister Claude Turmes.
Eng franséisch Etüd soll an deem Sënn vu Lëtzebuerger Säit aus aviséiert ginn. Fir deen Avis ze schreiwen, informéiert ee sech bei den Ëmweltverwaltungen an och international Experte gi mat an d'Boot geholl.
Ënner anerem soll et ëm d'Sécherheetsrisike vun der Atomzentral Cattenom goen an ëm en Impakt op d'Temperatur vun der Musel.