
D'lescht Woch hate mer gemellt, dass de Mann an enger Führerschäinsaffär vum Tribunal administratif Recht krut. D'Cour administrative huet dëst 1. Uerteel an der Tëschenzäit awer iwwert de Koup gehäit.
RTL NEWS: Mann a Fra krute Recht a Führerschäin-Sträit Déi zweet Riichter hunn den Appell vum Staat géint dat 1. Uerteel nämlech als justifizéiert ugesinn an de Recours vum Mann géint d'Decisioune vum François Bausch vun Dezember 2017 zréckgewisen. Dobäi hat den Tribunal administratif déi annuléiert.
Am Oktober 2017 war de Mann um Stater Geriicht zu enger Geldstrof an zu engem Fuerverbuet veruerteelt ginn, well hien am Juni vun deem Joer alkoholiséiert gefuer war. Fir d'Riichte vum Tribunal administratif goung awer aus kengem Element, dat hinne virloung, ervir, dass de Mann virum Prozess doriwwer informéiert gouf, seng Veruerteelung kéint e Verloscht vu Punkten no sech zéien. Am Januar hat de Staat Appell géint dat Uerteel gemaach.
Dem Vertrieder vum Staat no wär de Mann souguer zweemol doriwwer informéiert ginn, dass hie Punkte vum Führerschäin ofgezu krit. Sou misst zB e Polizist, virum Ausstelle vun engem Protokoll, den Auteur vun enger Infraktioun a Kenntnis setzen, dass Punkten ofgezu ginn, fir dass dee sech doriwwer am Kloren ass. Dës Persoun muss dann och en Ziedel ausfëllen, op deem steet, dass hien iwwert d'Ofzéie vu Punkten an d'Bild gesat gouf. Deen Ziedel muss completéiert gi mat de Wierder «lu et approuvé». Wann de Protokoll, wéi an deem heite Fall, net direkt ka bezuelt ginn, kritt d'Persoun eng Convocatioun, mat der ausgefëllter Rubrik „Punkteführerschäin“ drop. De Staat hat dat Dokument an zweeter Instanz virgeluecht. Well de Mann dat ënnerschriwwen hat, wären d'Formalitéite respektéiert ginn, sou déi zweet Riichter. Déi dofir anerer Meenung ware wéi déi éischt, déi festgehalen haten, hie wär net informéiert ginn. Dovun hätt den Tribunal awer näischt gewosst, well de Staat dat entspriechend Dokument eben net an 1. Instanz virgeluecht hat. Deemno wär et falsch gewiescht, dass déi 1. Riichter déi 3 Decisioune vum Minister annuléiert hunn an de Recours vum Mann wier dofir als net fondéiert zréckzeweisen.