
Den Tribunal administratif huet nämlech, wat de Mann ugeet, eng Decisioun vum François Bausch vun Dezember 2017 an, wat d'Fra betrëfft, eng vun November 2017 annuléiert. A béide Fäll muss de Staat fir d'Fraisen opkommen.
D'Fra hat am Juni 2017 gefrot, fir de Führerschäin erneiert ze kréien.
4 Deeg drop krut si e Schreiwes, si misst eng Passfoto noreechen, well si op där, déi virloung, e Fischi un hat. De Minister hat am November op e Bréif hi vum Affekot confirméiert, dass d'moslemesch Fra eng Foto ouni eppes um Kapp virleeë misst. Am Mäerz zejoert war si op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Déi 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass de Grand-Duché duerch dat entspriechend groussherzoglecht Reglement konform wollt ginn zu enger EU-Direktiv iwwert d'Führerschäiner. An engems wär dovu profitéiert ginn, fir ë.a. en Artikel vum Code de la route am Kontext vun der Foto ze complétéieren. Well dat net vun der EU-Kommissioun gefrot gi war, wär deen Artikel illegal, net z'applizéieren an d'Decisioun vum Minister z'annuléieren.
De Mann da war am Oktober 2017 um Stater Geriicht zu enger Geldstrof an zu engem Fuerverbuet veruerteelt ginn, well hien am Juni vun deem Joer voll gefuer war. De François Bausch hat dem Mann am Dezember vun deem Joer en ageschriwwene Bréif geschéckt, an deem stoung, dass 6 Punkte vum Führerschäin ofgezu goufen an de Mann der nach 6 hätt. Am Mäerz 2018 war de Mann op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Fir déi 1. Riichter goung aus kengem Element, dat hinne virloung, ervir, dass de Mann virum Prozess doriwwer informéiert gouf, seng Veruerteelung kéint e Verloscht vu Punkten no sech zéien; eréischt nom Uerteel wär et zu där Informatioun komm. Wéinst enger Violatioun vum Artikel 6 vun der Mënscherechtskonventioun wär d'Ministeschdecisioun z'annuléieren; den Dossier misst allerdings net zréck bei de Minister