
Véier Zeremonien an zwee verschidde Feieren, dat gouf et nach ni op den Olympesche Wanterspiller. E Freideg den Owend gouf den Optakt vun der 25. Editioun zu Mailand a Cortina d’Ampezzo feierlech a virun enger grousser internationaler Prominenz op den Tribüne gefeiert. Wärend dräi Stonne konnten am San Siro zu Mailand knapp 70.000 Spectateuren de ronn 2.900 Athleetinnen an Athleeten nokucken, wéi se hir Fändelen aus iwwer 90 Länner eragedroen hunn. Donieft gouf et Optrëtter vun de groussen Operesänger wéi dem Giuseppe Verdi an dem Giacomo Puccini, oder awer och vun der US-amerikanescher Sängerin Mariah Carey, déi op italieenesch gesongen huet.
Och d’Lëtzebuerger hunn dobäi natierlech net gefeelt. De Mathieu Osch huet de grousse Fändel a Rout-Wäiss-Blo ënner anerem nieft der Gwyneth ten Raa eragedroen. Och op den Tribüne war de Grand Duc Henri mam Roude Léiw ze gesinn.
Parallel zu der Zeremonie zu Mailand gouf fir eng éischte Kéier dann nach op dräi anere Plaze gefeiert. Zu Cortina, Predazzo an zu Livigno. E weidert Novum gouf et dann och beim Feier. Souwuel beim Arco della Pace zu Mailand, wéi och op der Piazza Dibona zu Cortina ass vun elo u jeeweils een Olympescht Feier ze gesinn. Dat gouf et virdrun nach ni.
Bis den 22. Februar kämpfen d’Athleetinnen an Athleeten op siwe verschiddene Plazen uechter den Norde vun Italien ëm d’Medailen. Déi éischt Medaile ginn et schonn um éischten offiziellen Kompetitiounsdag e Samschdeg. Fir de Marthieu Osch an d’Gwyneth ten Raa geet et de 14. respektiv de 15. Februar moies am Riseslalom eng éischte Kéier un den Depart.