Den GGDIS mellt3 Blesséierter bei 4 Accidenter um Freidegowend

RTL Lëtzebuerg
Zu Bartreng, zu Mamer an zweemol tëscht Kockelscheier a Réiser hat et e Freideg den Owend gerabbelt. Bei dësen Incidente sinn dräi Persoune verwonnt ginn.
© CGDIS

Géint 17.15 Auer war tëscht der Kockelscheier a Réiser en Auto op d’Kopp gaangen. De blesséierte Chauffer koum mat der Stater Ambulanz an d’Spidol. Géint 20.15 Auer war et op där selwechter Streck nach emol en Accident, bei deem sech e Gefier iwwerschloen hat. Och deen Automobilist gouf dobäi blesséiert a koum mam Samu an d’Klinik. A béide Fäll waren och d’Stater Pompjeeën am Asaz.

Um 18.20 Auer war tëscht de Rond-pointe Bartreng a Bourmicht ee mam Moto gefall. D’Rettungsdéngschter vu Mamer a Barteng hu sech ëm de blesséierte Motocyclist gekëmmert.

No 22.30 Auer war et op der Areler Strooss zu Mamer en Accident tëscht zwee Gefierer. Hei blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO