Invité vun der Redaktioun (29. Mäerz)De Charel Schmit iwwert d'Reform vum Jugendschutz

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg war de President vun der Ances, dem Lëtzebuerger Fachverband fir sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun - Charel Schmit
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg war de President vun der Ances, dem Lëtzebuerger Fachverband fir sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung.

De Justizminister Felix Braz gëtt sech no der Presentatioun vum neie Jugendschutzgesetz ganz dialogbereet a prett fir an den nächste Méint mat den Acteuren vum Terrain iwwert den Text ze schwätzen, fir e méiglechst breede Konsens z'erreechen, dat sot en Donneschdeg de Moien de President vum Lëtzebuerger Fachverband fir sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung Charel Schmit bei eis op der Antenne, deen dat ausdrécklech begréisst huet. D'Ances hält effektiv drop, datt nogebessert gëtt. De Gesetzprojet géif nämlech net d'Handschrëft vun der internationaler Kannerrechtskonventioun droen.
Bis haut géif een ëmmer nach de Paradigma vum Jugendschutz an dee vum Strofrecht géinteneen ausspillen, fir näischt ze veränneren.

Fir de Charel Schmit gëtt et awer en interessanten drëtte Wee, deen op de Kannerrechter baséiert.

De Charel Schmit

Eng interessant Alternativ wier zum Beispill de Bracelet électronique, fir datt Jonker net missten agespaart ginn. Aspäre misst ëmmer déi allerlescht Méiglechkeet bleiwen. Ganz prinzipiell bleift de Fachverband fir de Sozialsecteur dergéint, datt Mannerjäreger an en Erwuesseneprisong kënne kommen. Datt d'Konzept vun Dräibuer muss iwwerschafft ginn, do gëtt de President vun der Ances dem Ministere Recht. De Legislateur hätt et am Virfeld vum Gesetz verpasst, fir genee ze regelen, wéi eng Profiller an d'Unisec gehéieren a wéi eng net.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg war de President vun der Ances, dem Lëtzebuerger Fachverband fir sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung.

D’ANCES hat e Mëttwoch den Owend all déi betraffe Vertrieder aus dem Sozialsecteur, wéi Psychologen, Sozialpädagogen, Affekoten an ONGen op eng Conférence-débat geruff, op där de Justizminister Felix Braz hinne fir en éischten Echange Ried an Äntwert stoung.

Artikel: Text virgestallt - Neie Gesetzprojet soll de Jugendschutz stäerkenRendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO