
Enn September waren 20.269 Leit bei der ADEM ageschriwwen. Dat sinn der 1.349 méi wéi zum selwechten Zäitpunkt zejoert, anescht gesot eng Hausse vu 7,1 Prozent. Domadder läit de Chômagetaux aktuell bei 6,5 Prozent.
Besonnesch bei de Jonken tëscht 16 an 29 Joer mécht sech dës Entwécklung bemierkbar. An där Alterskategorie ass d'Zuel vun den Leit, déi op der Sich no enger Schaff sinn am Verglach zum September 2025 ëm 10,7 Prozent geklommen. Bei der Alterskategorie vu 45 bis 64 Joer louch d'Hausse bei 7,6 Prozent.
Och bei Leit mat enger héijer Qualifikatioun ass eng däitlech Hausse festzestellen. Do ass d'Zuel vun den Chômeure bannent engem Joer ëm 10,6 Prozent geklommen. Allerdéngs huet dës Entwécklung sech am Verglach mam August, wou d'Hausse nach bei 19 Prozent louch, ofgeschwächt.
Am September hu sech insgesamt 3.430 Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, nei bei der ADEM ageschriwwen.