Vun der CNAP organiséiertHaut ass déi zweet Editioun vum "Pensiounsdag"

Céline Eischen
Et ass eng Veranstaltung fir all aktuell a zukünfteg Pensionnairen, déi Informatiounen iwwer hir Pensiounsdossiere wëlle kréien.
© RTL Archivbild

Wéini kann ech an d'Pensioun, wéi kann ech mir meng Studien urechne loossen, a wéi kann ech och an der Pensioun aktiv bleiwen? Alles dat si Froen, op déi een dësen Dënschdeg um Pensiounsdag Äntwerte fënnt.

Dëst Joer ass déi zweet Editioun vum Pensiounsdag am Centre Culturel opderschmelz zu Diddeleng, dee vun der nationaler Pensiounskeess organiséiert gëtt.

Et wéilt ee bei d'Leit an hinne fir Froen zur Verfügung stoen, esou de President vun der CNAP, den Alain Reuter. Dee ganzen Dag si Stänn an Informatiounsevenementer disponibel, de ganze Programm fënnt een op pensiounsdag.lu.

Lass goung et um 10 Auer an de Dag ass bis 19 Auer duerchgeplangt.

Back to Top
CIM LOGO