De LuxAirport huet d’lescht Joer 9,2 Milliarden Euro zum PIB bäigedroen, wat 13 Prozent vum gesamte Bruttoinlandprodukt ausmécht. Dat geet op jidder Fall aus enger Etüd vum SEO Amsterdam Economics ervir, déi de Mëttwoch de Moie presentéiert gouf.
Et wier e Virdeel, dass Lëtzebuerg just ee Fluchhafen huet a sech deemno alles op enger Plaz konzentréiert, erkläert de Martin Adler, Haaptauteur vun der Etüd. De Findel generéiert vill Suen.
“Am Kader vun eiser Etüd hu mer erausfonnt, dass ee Passagéier, deen hei vum Fluchhafe flitt, 300 Euro am direkten Ëmkrees vum Fluchhafen ausgëtt an 1.300 am méi wäiten Ëmkrees. Dat kann een opschlësselen an eenzel Komponenten. 300 Euro, déi um Fluchhafen selwer depenséiert ginn, ginn an Ticketspräisser, Restauranten, Parking-Fraisen oder Fraisen fir d’Gepäck. An den 1.300 Euro kënnt och den Hotel derbäi an Ausgaben, déi een am Kader vu senger Aarbecht zum Beispill mécht.”
De Martin Adler huet zouginn, dass natierlech ouni eng grouss Demande aus der Lëtzebuerger Ekonomie och keng Plus-Value fir de Findel géing entstoen. Et ass een Win-Win fir béid Säiten deemno.
Wat liest dann den neien President vum Verwaltungsrot vun Luxairport Gilio Fonck aus dëse Resultater?
“Et ass eng Confirmatioun vun der Wichtegkeet, déi de Fluchhafe Lëtzebuerg souwuel wirtschaftlech huet, wéi och politesch. An e bestätegt d’Regierung doranner, an de Fluchhafe weider z’investéieren.”
De Findel ass an de leschten Joerzéngten extrem gewuess. Eleng an de leschten 10 Joer gouf et eng Verdueblung vun de Passagéierzuelen op mëttlerweil ronn 5,1 Milliounen Euro. Dat géing een awer net fir d’Zukunft envisagéieren. Trotzdeem wëll een ausbauen, seet den Direkter vun Luxairport Alexander Flassak.
“D’Landepist ass eng vun den zentralen Infrastruktur-Elementer an do hätt een nach masseg Capacitéit, wann ee géing gesinn, wat London Gatwick erreecht. Si si bei 28 Millioune Passagéier. Mir si bei 5 Milliounen. Mir hunn aktuell manner Fluchbeweegungen wéi nach 2019. Dat heescht, eis Landepist ass aktuell nach kee restriktive Facteur. Mir gesinn awer schonn, dass mer um Terminal un eis Grenze stoussen an de Stousszäiten/Spëtzenzäiten. Eis feelen och nach Waarde-Capacitéite fir d’Passagéier. Mir mussen de Fluchhafen ausbauen, dat steet ausser Fro. Déi Capacitéiten hu mer awer, obwuel mer hei am Ëmkrees relativ begrenzt sinn.”
Natierlech huet de Fluchhafen och negativ Impakter, erkläert de Gilio Fonck:
“D’Aviatioun ass dobäi, grouss Efforten ze maachen, souwuel wat d’Ëmweltverschmotzung ugeet, wéi och wat de Kaméidi ugeet. Dat mierkt een och hei um Findel schonn, wou de Gros vun de Fligere vill manner Kaméidi mécht, wéi dat nach virun 10 Joer de Fall war. Déi Evolutioun wäert och nach weidergoen. Kritiker wäert et ëmmer ginn. Mir wäerte probéieren, sou gutt wéi méiglech op si anzegoen. An e klenge Problem, dee mir hunn, ass déi kleng Aviatioun, déi mir hei hunn an déi hei an der direkter Ëmgéigend ronderëm flitt. Déi stéisst bei verschidden Leit méi op wéi déi deck Fligeren.”
Do wier d’Politik op alle Fall mëttelfristeg gefuerdert, betount de Gilio Fonck.
Aktuell muss ee sech dann och nach eng Zäit laang op vill Aarbechten am Fluchhafen a ronderëm astellen. Et géing aktuell wärend de méi rouege Méint vill moderniséiert an renovéiert ginn. Donieft gi verschidde Beräicher notamment de Sanitär an och d’Gepäckförderung erweidert.