
Um éischten Dag vun der Visitt, op där de Groussherzog vum Aussen- an Aussenhandelsminister Bettel begleet gëtt, sti Visite bei zwou EU-Institutiounen um Programm:
Um 14.30 Auer ass eng Entrevue mat der Presidentin vum Europäesche Parlament Roberta Metsola an um 18 Auer gesinn de Lëtzebuerger Staatschef an den Ausseminister de President vum Europäesche Rot, den António Costa. Wéi et an engem Schreiwes vum Haff heescht, soll et bei béiden Entrevuë virun allem ëm Froe vun der europäescher Aktualitéit goen. Eng Entrevue mat der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi ursprénglech fir 11 Auer en Dënschdeg geplangt war, huet misse wéinst dem Agenda vun der Kommissiounspresidentin annuléiert ginn. Dës soll zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl ginn.
Tëscht den Entrevuë mat der Parlamentspresidentin a mam Rotspresident steet fir de Grand-Duc dann eng Renconter mam Personal vun der permanenter Representatioun vu Lëtzebuerg a mat de Lëtzebuerger, déi bei den EU-Institutioune schaffen, um Programm. Um 15.30 Auer wäert de Grand-Duc sech um Siège vun der permanenter Representatioun u si adresséieren.
E Mëttwochmoien hunn de Groussherzog Guillaume an den Ausseminister Xavier Bettel dann eng Entrevue mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte. Hei soll et virun allem ëm Froe vun der internationaler Sécherheet goen.