
“Déi Relatioun tëscht deenen zwou Famillen war ëmmer ganz enk, duerch de Krich, duerch de Fait, dass mäi Papp an der englescher Arméi war, dass hie Colonel vun den Irish Guards war. Déi Bezéiung ass op déi aner Generatiounen iwwergaangen an dofir, all Kéiers wa mir e Kontakt mat der Kinnigin haten, war et ganz häerzlech a ganz schéin.”
Fir de Kinnek Charles III wier et sécherlech net einfach, dës Successioun z’iwwerhuelen, ma hie wier ganz intelligent, hätt vill verschidden Interessien wéi d’Ekologie, d’Architektur an Educatioun, fir déi hie sech säi Liewe laang engagéiert huet, esou dass hien elo als Kinnek vun där Erfarung kéint profitéieren, esou nach de Grand-Duc Henri.
An der brittescher Ambassade läit e Kondolenzbuch aus, an deem schonn eng ganz Rei Leit deels ganz perséinlech an emouvant Messagen hannerlooss hunn. Weltwäit wier et net einfach, dëse Verloscht ze verschaffen, esou déi brittesch Ambassadrice hei zu Lëtzebuerg, Fleur Thomas.
“For the United Kingdom and for the Commonwealth and really for the whole world, this is the end of the second Elisabethan era. We start now with a new King, with His Majesty with a new era. This is an opportunity now to reflect on that time on that very long and honorable reign that she has had and to think of all that she has achieved. So much has changed during that period of time, it’s been such a long period of time, there are so few people who remember the time before Her Majesty the Queen Elisabeth was our monarch, that it’s very difficult for many of us to come to terms with that today.”
Fir Groussbritannien, de Commonwealth an am Fong fir déi ganz Welt, ass dëst d’Enn vun der Epoch vum Elisabeth déi Zweet. Mir fänken elo eng nei Äre u mam neie Kinnek. Dëst ass eng Geleeënheet fir op hire laangen an honorabele Règne an alles wat si erreecht huet zeréck ze kucken. Esou villes huet sech an där Zäit verännert an et sinn esou wéineg Leit, déi sech un eng Zäit ouni d’Queen Elisabeth als eis Monarchin kënnen erënneren, dass et fir vill Leit immens schwéier ass dat z’acceptéieren.
Eng vun de wéinege Persounen hei am Land, déi d’Queen perséinlech kenne geléiert hunn, ass déi fréier Stater Buergermeeschtesch an Ausseministesch Colette Flesch. D’DP-Politikerin erënnert sech am RTL-Interview un eng ganz speziell Staatsvisitt am Joer 1976 vun der brittescher Kinnigin am Grand-Duché. D’Leit wieren deemools immens begeeschtert gewiescht.
“Dat erkläert sech natierlech duerch déi speziell Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien am Krich, de Rôle deen och England an der Liberatioun gespillt huet, déi ganz enk Relatioun tëschent den 2 Kinnekshaiser an och déi gutt Relatioun tëscht dem Grand-Duc Jean, dee jo Colonel war an den Irish Guards an der Kinnigin. An déi vill Kontakter, déi si haten, well hien och oft op London gaangen ass fir Trooping the colours. Et huet ee gespiert, dass do eng speziell Relatioun bestanen huet.”
Am RTL-Interview beschreift och de Grand-Duc Henri d’Relatioun tëscht béide Famillen als ganz enk. D’Verbonnenheet virop vu sengem Papp mat der brittescher Kinneksfamill wier awer och op déi nächst Generatiounen iwwergaangen. Hie beschreift dann och eng méi privat Säit vun der Monarchin.
“Si hat ganz vill aner Interessien. Si hat d’Natur ganz gär. Mir sinn heiansdo spadséiere gaangen. Ech war mat hir a Schottland als Kand an och eng Kéier mat der Grand-Duchesse a si huet d’Natur schrecklech gär gehat. An d’Hënn natierlech, d’Corgien, dat war ëmmer ganz flott, ganz amüsant mat hir spadséieren ze goen. Si hat ëmmer Geschichten a flott Saachen z’erzielen an et war ëmmer flott mat hir zesummen ze sinn.”
Déi leschte Kéier huet de Grand-Duc Henri d’Queen fir de 70. Gebuertsdag vum Prënz Charles gesinn. Si wier eng grouss Personalitéit gewiescht, mat där een ëmmer gäre geschwat hätt, eng ganz häerzlech an humorvoll Persoun.
De fréiere Staatsminister a President vun der EU-Kommissioun Jean-Claude Juncker huet d’Queen e puer Mol begéint.
A sengen Aen wäert Groussbritannien elo eng wichteg Figur un der Spëtzt feelen: “Déi Kinnigin gehéiert jo bal zu eisem Alldag, et huet ee si esou laang gesinn. Si ass méi laang um Troun, wéi ech al sinn an ech ginn ëmmer méi al. Et ass een Aschnëtt net nëmmen an d’Geschicht vun den engleschen Inselen a vu grouss Deeler vum Commonwealth. Et ass och eng Figur, déi een elo net méi gesäit an déi awer eng moralesch Autoritéit ausgeüübt huet an eng grouss Dignitéit besiess huet, déi an der Erënnerung bleift. Mir bleift an der Erënnerung aus deene Gespréicher, déi ech mat hir hat, dass si enorm vill Humor hat.
De fréiere Staatsminister weist sech dann och zouversiichtlech, dass hire Successeur dëse Vide gutt wäert fëllen: “Do ass e Moment vu gefestegter Stabilitéit net méi do. Ob de Kinnek Charles déi selwecht Autoritéit sech kann uleeën, ass ze beweisen. Ech sinn awer do optimistesch. D’Kinnigin war e grousst Stéck England an e wichtegt Stéck England an England ass net méi dat selwecht ouni déi Queen wéi mat hir.”
A Länner, an deenen d’Monarchie historesch gewuess ass, wier et wichteg e Staatschef mat symbolesche Pouvoiren ze hunn, dee sech zwar net an de politeschen Alldag amëscht, ma mat deem jidderee kéint schwätzen, esou nach de Jean-Claude Juncker.
De Lëtzebuerger Ausseminister huet sech am RTL-Interview betraff iwwert den Doud vun enger Fra gewisen, déi kloer fir d’Unitéit vun hirem Land stoung. An dëst méi, wéi all anere Premier vum Land, obwuel si jo keng formell Muecht hat, esou de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn am RTL-Interview e Freideg de Moien, also een Dag nom Doud vun der brittescher Queen.
Aus der ganzer Welt komme Condoleance-Matdeelungen, esou zum Beispill och vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel, deen der kinneklecher Famill an der brittescher Bevëlkerung säin déifstent Matgefill ausgedréckt huet.
Lors du décès de S.M. la reine Elisabeth II, le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, tient à exprimer au nom du gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg ses sincères condoléances à la famille royale britannique ainsi qu’au peuple du Royaume-Uni et du Commonwealth.
Le règne de Sa Majesté a été marqué autant par des défis historiques que par Sa capacité naturelle à les naviguer et à les gérer à travers un leadership constant et une grâce singulière.
Pendant plus de soixante-dix ans, elle a marqué le cours de l’histoire du Royaume-Uni et du monde par son dévouement inébranlable à la stabilité, à la paix et au service auprès de Son peuple.
Si Sa disparition attriste et émeut le monde entier, Son héritage continuera à servir comme repère pour de futures générations.
Message by the Prime Minister, Minister of State, Xavier Bettel after the passing of Her Majesty Queen Elizabeth II (09.09.2022)
After the passing of Her Majesty Queen Elizabeth II, the Prime Minister, Minister of State, Xavier Bettel wishes to express, on behalf of the Government of the Grand Duchy of Luxembourg, his sincere condolences to the Royal Family and to the people of the United Kingdom and the Commonwealth.
Her Majesty’s reign has been marked as much by historic challenges as it has been marked by Her natural ability to navigate and manage those challenges with steadfast leadership and unique grace.
For more than seventy years she shaped the course of history in the United Kingdom and around the world through her unwavering commitment to stability and peace and a boundless devotion to her people.
While her passing saddens and moves the world, her legacy will continue to serve as a beacon for future generations.
De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse weise sech “zudéifst beréiert an traureg” iwwert d’Nouvelle vun der Kinnigin Elizabeth II. Si wier eng “trei Frëndin” vun der groussherzoglecher Famill gewiescht.
Your Majesty,
The Grand Duchess and I have been deeply moved and saddened when we learned of the passing of Your dear mother, Her Majesty the Queen.
The Queen took a considerable part in shaping the history of the United Kingdom as its longest serving monarch. We profoundly admired Her moral strength and determination. She was an exemplary monarch, most loved and respected all over the world.
Luxembourg has never forgotten the extraordinary support the United Kingdom gave to the Grand Duchess Charlotte and her son, my father Jean, during World War 2. Their safe haven in London helped to preserve the very existence of my country in these dark times.
We are grateful for the close ties of our families and Her Majesty’s extraordinary and unique example of service to the country and people.
The people of Luxembourg join us in expressing to You and to the Royal Family, as well as to the people of the United Kingdom, our most heartfelt condolences and warmest sympathies.
Henri
Luxembourg, 8th September 2022
His Majesty The King
Hei de komplette Message als PDF!

https://download.rtl.lu/2022/09/09/0c753025fdfb8ecb2126456f8e67ecc0.pdf