Hacker-AttackDe Grupp Cactus kéint erpresst gi sinn

RTL Lëtzebuerg
Hannert der rezenter Hackerattack géing d'Software "Revil" stiechen, déi och sensibel a confidentiel Donnéeë vum Cactus erofgelueden hätt.
© https://cybleinc.com

Dat steet sou um Site vu Cyble ze liesen, engem Acteur, deen am Beräich Cyber-Sécherheet aktiv ass.

Et géing sech bis ewell ëm e klengen Dateleak handelen, dee wuel als Warnung géing gëllen, fir datt de Cactus d'Konditioune vu Revil géing acceptéieren, heescht et weider um Site Cyble.

Géif dëst net geschéien, géifen d'Hacker eng grouss Quantitéit u sensibelen Date vum Cactus-Grupp leaken.

D'Supermarchéë Wandhaff, Bouneweg a Märel ware jo wéinst dëser Hackerattack e puer Deeg zou. De Grupp Cactus huet Plainte deposéiert.

No Hacker-Attack - Cactus Wandhaff a Märel nees op, Bouneweg eréischt en Dënschdeg

Back to Top
CIM LOGO