
Datt Biodiversitéit op der Welt ofhëlt ass allgemeng gewosst. Ma virun der eegener Hausdier ännert sech och esou munches. Sou soll den beléifte Kéisécker deemnächst vum ausstierwe bedreet sinn.
Ëmmer manner Insekten, méi bebaute Flächen an de Stroosseverkéier, dee sech an de leschte Jore radikal expandéiert huet: D'Konditioune fir den Igel si schlecht, elo sollen d'Déiere geschwënn op d'rout Lëscht kommen.
Zuel vun den Kéisécker hei zu Lëtzebuerg ass réckleefeg. D'Déier wat haaptsächlech am Hierscht a Fréijoer aktiv ass, steet a ville Länner schonns op der Warnlëscht vun den Déieren, déi deemnächst virum ausstierwe bedreet sinn.
Zu Lëtzebuerg wier d'Situatioun net vill anescht, souguer schlëmmer, esou de Roger Schauls vum Mouvement écologique: „Mir hunn hei zu Lëtzebuerg en Zerschneidungsgrad vun der Landschaft areecht, deen eis zu engem Weltmeeschter mécht. Mir sinn net nëmmen dat zerschniddenst Land an Europa, mä wahrscheinlech och op der ganzer Welt. An de Kéisécker, deen haaptsächlech vun Insekte lieft, muss deen Ament den Insekten och méi oder manner nolafen. Dobäi trëfft en op senger Rees vun 2-3 Kilometer pro Nuecht op mannst op 3 bis 4 Stroossen.“
Ma d'Gefor op der Strooss wier scho laang net méi den Haaptgrond fir de Réckgang. De Kéisécker géif mëttlerweil op der Sich no Fudder erhéngeren: „An de leschten 20 Joer ass d'Biomass vun Insekten ëm 75 bis 80 Prozent gefall. Mir hunn also nach knapp 20 Prozent vun deem wat fräier do war.“
Déi héich Asätz vu Pestiziden an Insektiziden géifen d'Insektestierwe provozéieren an esou d'Fudder vu villen Déierenaarten eliminéieren.
Et feelt dem Igel och un Hecken a Plazen, wou en sech zeréckzéie kann. Am Dag, ewéi iwwert d'Wanterméint, schlofen d'Igele gären ongestéiert.
Ma schonn am eegene Gaart kéint een dem Kéisécker ënnert d'Äerm gräifen. Esou d'Claire Wolff: „Leit ginn opgeruff, verschidde Mesuren an hirem Gaart ëmzesetzen. Zum Beispill net ëmmer alles ze méinen. Fir datt e klenge Fluchraum fir de Kéisécker bestoe bleift. Do kommen och méi Schlécken an Insekten, fir déi ee gäre frësst.“
Och e Kompost wier eng gutt Fudder-Source fir den Igel. Ma en einfachen Trajet vu Gaart zu Gaart wier wichteg fir Déier: „Eis Gäert sinn dacks mat zénken Dréit mateneen ofgetrennt, wou de Kéisécker net derduerch kënnt. En kann och gäre mol dran hänke bleiwen. Eng einfach Mesure wier et, e Laach an den Drot ze schneiden.“
Et kann een dat Ganzt awer natierlech och méi sympathesch presentéieren.
Zu Lëtzebuerg ginn et weder Zuelen nach Schätzungen iwwert de Bestand vum Kéisécker. Beim Mouvement hofft een awer elo datt mat der App „iNaturalist“ d'Leit, déi Igelen déi se am Alldag gesinn taggen.
Esou kéint een an den nächste Jore mat méi prezise Schätzungen opkommen.