Schützen, wat eis wichteg ass. Ënnert dësem Slogan hunn Déi Gréng e Samschdeg de Moien hiren Nationalkongress am Centre Polyvalent zu Jonglënster ofgehalen, an deen eng 100 Memberen de Wee fonnt haten. De Kongress stoung ganz am Zeeche vun de multipelle Krisen, déi eist Land ploen. Energetesch Transitioun war wuel d’Wuert, wat am dackste gefall ass. Sujete waren awer och d’sozial Gerechtegkeet, d’Pandemie déi lues op en Enn ze komme schéngt, an de Krich an der Ukrain deen d’Welt den Otem unhale léisst.
Et huet ee gespuert, datt déi Gréng Parteikolleege frou waren, no 2 laange Pandemiejoeren hire Kongress nees kënnen en presidentiell ofzehalen. Aarbecht steet genuch op der Agenda. D’Pandemie huet déi sozial Ongerechtegkeet weider verschäerft, d’Logementskris gëtt ëmmer méi urgent, an d’Klimakris ass och gefillt eng Zäit ausgeklamert gewiescht. Ier een dës divers Sujeten nees konnt mat neiem Elan upaken, ass virun engem Mount de Krich um europäesche Kontinent, an der Ukrain ausgebrach.
D’Europadeputéiert Tilly Metz huet dann an hirer Ried dovunner geschwat, datt zanter dem Krich an Europa d’EU zwar méi gëeent wéi jee wier, mä och d’Erausfuerderunge wiere seele méi grouss gewiescht. Feeler géingen erbaarmungslos opgedeckt ginn. Den Ausbau vun den erneierbaren Energië wier ze laang an zögerlech ugaange ginn. Elo hätt ee keng Zäit méi ze verléieren.
Och d’Fraktiounspresidentin Josée Lorsché knäppt un de Sujet vun der Energieversuergung un. Et weist ee sech zefridden iwwert de Mesurëpak, dee bei der Tripartite presentéiert gouf. D’Politik géing mat de Präisser, déi den Ament besonnesch bei der Energie an awer och ëmmer méi bei de Liewensmëttel explodéieren, virun 2 Erausfuerderunge stoen. Déi sozial schwaach Famillje kuerzfristeg ze ënnerstëtzen, ma parallel och d’Ofhängegkeet vu fossillen Energien ze reduzéieren.
“Et muss een d’Ängschten an d’Suerge vun de Leit eescht huelen, an Empathie weisen”, betount de François Bausch. Dofir misst een elo séier an effikass hëllefen. Dat géing mat dem Pak, deen d’Regierung de Sozialpartner op der Tripartite proposéiert huet, passéieren.”Mir brauchen eng national Solidaritéit fir aus der schlëmmster Kris zanter dem 2. Weltkrich ze kommen”, seet de Vizepremierminister, fir dorobber hinzeweisen, datt et grad net dorëmmer geet elo klengkaréiert Oppositiounspolitik ze maachen. Dofir hofft hien, datt en Donneschdeg an der Chamber den Accord de Principe iwwert de Mesurëpak, deen an der Tripartite ausgeschafft ginn ass, ugeholl gëtt. Och d’Sozialpartner rifft hien dozou op, sech hirer nationaler Responsabilitéit bewosst ze sinn, an iwwer hire Schied ze sprangen. Fir den François Bausch gouf et eng standing ovation no senger Ried.
Et wier wichteg an engem Ament vu multipel Krisen, an deem mir grad sinn, vun der Kris an der Ukrain, der Klimakris, der Pandemie, der Logementskris an sou weider, solidaresch ze bleiwen. Dat soten déi Gréng Parteipresidenten Djuna Bernard a Meric Sehovic direkt am Ufank.
Déi jonk Gréng fuerderen awer och onofhängeg vun der aktueller Kris en déifgräifenden Debat iwwer d’Verdeelung vum Räichtum an der Bevëlkerung. Et dierft net just beim Constat bleiwen, datt d’Schéier tëscht aarm a räich ausernee geet. “Mir brauchen endlech eng sozialgerecht Steierreform”, seet de Fabrizio Costa. Hien géing drop zielen, datt nach dëst Joer vun der Regierung konkret Proposen op den Dësch geluecht ginn.
De Logementsminister Henri Kox huet dann en Appell un d’Gemenge geriicht, d’Regierung dobäi ze ënnerstëtzen, fir d’Refugiéen am allgemengen, mä elo besonnesch aus der Ukrain ze ënnerstëtzen.