Et geet dobäi net just drëm, de Beruff vum Bauer méi no bei d’Leit ze bréngen, mee och fir op Problemer opmierksam ze maachen, déi notamment duerch de Krich tëscht Russland an der Ukrain ganz aktuell sinn.
No engem Joer Pandemie-bedéngter Paus war also dëse Weekend nees de Bauerenhaff an der Stad op der Place de la Constitution bei der Gëlle Fra. Wat mécht e Bauer eigentlech am Alldag? Dat gouf ënner anerem mat ville Stänn gewisen, wou een dann och mat de Produzente selwer konnt diskutéieren, erkläert de Bauer Christian Hahn.
“Am Endeffekt geet et jo drëms, ze weisen, wéi gëtt d’Produktioun gemaach an dann awer och wéi kënnt se vun der Produktioun op den Teller. Dat heescht, dir hutt déi verschiddenst Saachen, déi mer hei fir ze iessen hunn, wéi eng Gulasch-Zopp, Gegrilltes iwwer Gromperekichelcher, Paangecher, alles mat regionale Produkter gemaach. Dat heescht, dir gesitt u sech hei um Site, wéi gëtt d’Produktioun gemaach a wéi kënnt se op den Teller.”
Och déi Kleng ware begeeschtert.
“Mir fannen, dass de Bauerenhaff hei an der Stad eng ganz gutt Initiativ ass, eis Kanner hunn d’Déieren immens gär. Sie heemele se gär, se fiddere se gär an et ass ëmmer gutt, dass d’Kanner no bei d’Déiere kommen an dass si och de Kontakt sichen.”
Et wier awer och wichteg, op déi aktuell Problemer anzegoen, vun de Corona-Aschränkunge bis bei de Krich tëscht Russland an der Ukrain, deen och e groussen Impakt op d’Landwirtschaft huet.
“Jo ech denken, no Covid huet sech de ganze Secteur missten ëm-moduléiere kuerzerhand, well de ganze Food-Service zesummegebrach war. Dunn ass alles am Eenzelhandel kaaft ginn, d’Molkereien hu missten dorobber reagéieren, du ware mer bëssen zouversiichtlech, eng Erliichterung vun deem Ganzen ze kréien, jo lo kënnt déi katastrophal Situatioun do ënnen an der Ukrain.”, esou den Tom Leonardy, Vertrieder vun de Lëtzebuerger Baueren bei Arla.
Spéitstens am Hierscht wäert een déi grouss Impakter op d’Präisser vun de Liewensmëttel ze spiere kréien, erkläert dann och de Francis Meyers, Comitésmember vu Fairkooperativ.
“D’Fuddermëttel sinn immens deier ginn. Dat ass emol eng direkt Konsequenz dervun. Eng zweet - an dat ass eppes, wat sech eréischt méi spéit am Joer wäert auswierken - Düngemëttel, déi mat Rohstoffer aus Russland produzéiert ginn, also an der Haaptsaach mat Gas, wou d’Präisser dat dräi- bis véierfacht sinn, gi vill méi spuersam agesat dëst Joer. Dat ass eppes, wat verschidde Leit bestëmmt gefält, fir eis ass et awer sou, dass duerch dee Mangel un Dünger mir mat Sécherheet herno e Mangel u Rohstoffer wéi Käre kréien, ënner anerem och Gras, wat hei zu Lëtzebuerg e ganz groussen Impakt wäert hunn, manner Fudder manner héich Qualitéit.”
Et muss ee sech bewosst sinn, dass Lëtzebuerg a besonnesch och d’Liewensmëttelproduktioun ofhängeg vum Ausland ass.