Och fir d'PersonalDe Lycée Ermesinde schränkt Gebrauch vun Handy, Laptop an Tablet an

RTL Lëtzebuerg
Perséinlech Tabletten a Laptoppe si vu 4e un erlaabt, sou de Mierscher Lycée. Hält ee sech awer net un d'Reegelen, kritt een den Apparat ofgeholl.
Dës Foto ass aus eisem Reportage
Dës Foto ass aus eisem Reportage
© RTL Archiv

De Lycée Ermesinde zu Miersch verbitt um ganze Campus Handyen, dat geet aus engem Schreiwes vun der Direktioun vun der Schoul ervir, deen RTL zougeschéckt krut. Fir d’Direktioun vum Lycée wier et wichteg ervir ze hiewen, dass een dat mécht, fir op d’Kooperatioun, d’Kommunikatioun a Reflexioun ze pochen.

Dat gëllt esou wuel fir d’Schüler, wéi och fir d’Schoulpersonal, ausser et handelt sech ëm Enregistrementer oder ëm eng administrativ Demarche. Perséinlech Tabletten a Laptoppe sinn iwwerdeem vu 4e un erlaabt, Smartphonen awer och hei net.

Schüler aus dem Cycle inférieur mussen hiren Handy bei der Arrivée ofginn. Déi méi al Schüler mussen dat net maachen, däerfen den Apparat allerdéngs wéi gesot net um Campus benotzen. Gëtt den Handy oder soss en Apparat confisquéiert, kritt een dësen um Enn vum Schouldag am Sekretariat zeréck.

Déi zoustänneg Schoulgremien hätten zesumme mat der interner Entreprise “Lite” festgestallt, datt de Smartphone d’Kooperatioun an d’Reflexioun stéiert, wéi den Direkter Jeannot Medinger erkläert:

Extrait Jeannot Medinger

“Mir hu gemierkt, dass besonnesch tëscht 12 a 16 Joer, wou d’Schüler am performantste sinn, vill digital Devices maachen, dass Schüler wéi per Sog-Effekt sech e bëssen isoléieren an déi Kommunikatioun, déi si mam Gerät hunn oder déi Informatiounen, déi si duerch d’Gerät kréien e bësse bëlleg sinn an eintöneg an dass de Reflex net méi ass fir kucken ze goen a Froen ze stellen a sech ze erkundegen beim Noper oder bei Spezialisten.”

D’Direktioun huet d’Schoulcommunautéit rezent doriwwer informéiert.

Back to Top
CIM LOGO