Successioun vum John RennelDe Marc Reiners ass neie President vu Luxlait

Roy Grotz
De John Rennel war net manner wéi bal 30 Joer Luxlait-President. Elo iwwerhëlt de Marc Reiners de Posten.

D'Luxlait huet e neie President.

An der Successioun vum John Rennel huet de Comité vun der Molkerei-Genossenschaft en Donneschdeg de Marc Reiners vu Rëmeljen als neie President gewielt.

De John Rennel war net manner wéi bal 30 Joer Luxlait-President.

Neie Vize-President vun der Molkerei, mam Sëtz zu Biissen, ass de Guy Noesen vu Kruuchten.

Back to Top
CIM LOGO