WirtschaftsministèreDe Masutt gëtt duerch eng nei Zort remplacéiert

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. Abrëll u gëtt eng nei Zort u Masutt, déi méi ëmweltfrëndlech soll sinn, agefouert.
© AFP

De Wirtschaftsministère deelt mat, datt vum 1. Abrëll 2024 un déi nei belsch Zort u Masutt NBN T52-716 a Kraaft gesat gëtt. Dës nei Zort setzt de Gehalt vu Schwiefel vu 50 ppm (0.005 Prozent) op 10 ppm (0.001 Prozent) erof a soll de verkaf vum 50 ppm Masutt endgülteg stoppen.

Well de gréissten Deel vum lëtzebuergesche Masutt aus der Belsch importéiert gëtt, heescht et och, datt vum 1. Abrëll 2024 un zu Lëtzebuerg de 50 ppm Masutt mam 10 ppm Masutt ersat gëtt. Déi nei Zort ass dem 50 ppm Masutt gläichwäerteg a bréngt esouguer e puer Virdeeler mat sech, wéi zum Beispill dat e méi ëmweltfrëndlech ass.

Duerch dës Ännerung ass de 50 ppm Masutt vum 2. Abrëll 2024 un net méi an der Berechnung vum Maximalpräis mat abegraff.

PDF: D'Schreiwes vum Wirtschaftsministère.

Back to Top
CIM LOGO