Alerte OrangeDe Méindeg annoncéiert sech stiermesch

RTL Lëtzebuerg
Meteolux warnt viru Wandvitesse vu bis zu 100 Kilometer an der Stonn an dat e Méindeg tëscht 9 a 14 Auer. Ma och virdrun an duerno bléist et zerguttstert.
© AFP (Archiv)

Um Sonndeg de Mëtteg huet Meteolux dowéinst eng Alerte Orange erausginn.

Si gëllt fir de Wand, deen e Méindeg de Moie bis an de Mëtteg eran aus Richtung Südwesten iwwer d'Land an zwar iwwert d'ganzt Land blose kann.

Tëscht 6 an 18 Auer ass staarke Wand ugekënnegt mat Spëtzen tëscht 70 a 85 km/h, tëscht 9 a 14 Auer kann et esouguer richteg stiermesch ginn, mat Spëtzte bis ëm déi 100 km/h.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.METEO: Livecam - de Bléck vum Héichhaus.Och eisen däitschen Nopere mécht den annoncéierte Stuerm Kappzerbrieches, well e Méindeg jo déi traditionell Kavalkade vu Rosenmontag solle sinn.

RTL-News: Keng Rosenmontag-Kavalkaden zu Köln an Düsseldorf wéinst dem Stuerm?

TRAFIC: Aktuell Informatiounen.
TRAFIC: Cita-Kameraen A1.
TRAFIC: Cita-Kameraen A3.
TRAFIC: Cita-Kameraen A4.
TRAFIC: Cita-Kameraen A6.
TRAFIC: Cita-Kameraen A7.
TRAFIC: Cita-Kameraen A13.
INFOEN? Gitt Trafic-Reporter.

Back to Top
CIM LOGO