
Am drëtten Trimester d'lescht Joer ass de PIB, de Produit intérieur brut, weider an d'Luucht gaangen. Dat geet aus dem leschte Konjunkturflash vum Statec ervir.
An de Méint Juli, August, September gouf et eng Hausse vun 0,6 Prozent - gekuckt op een Trimester. Iwwert ee Joer gekuckt, gouf et eng Progressioun vun 3,1 Prozent.
De PIB huet sech no der Stagnatioun am zweeten Trimester also erëm erkritt. Dat leit haaptsächlech un de Servicer aus de Beräicher "Informatioun", "Kommunikatioun" "Gesondheet" a "Commerce". Eng liicht Baisse gouf et allerdéngs am Transportwiesen an am Secteur vun der Hotellerie, der Restauratioun an de Café'en.
Trotz de Spannungen, déi d'europäesch Bourse betreffen, gouf et och e Plus am Finanzsecteur, eng Hausse vun 0,9 Prozent op en Trimester gekuckt, nodeems et am zweeten Trimester eng Baisse vun 2,5 Prozent gouf.
D'Ausgaben, déi d'Consommatioun betreffen, hunn am drëtten Trimester zejoert, grad wéi am éischte Semester 2018 däitlech zum Wuesstem bäigedroen. Am ëffentleche Secteur gouf et e Plus vun 3,4 Prozent. Bei de Stéit war et iwwer ee Joer e Plus vu 4,7 Prozent am drëtten Trimester, dat läit virun allem un de Loyerspräisser vu Wunnengen an Haiser, un den Assurancen an de Gefierer, déi d'Leit kaaft hunn.
Allerdéngs muss een déi dynamesch privat Consommatioun bësse relativiséieren, well d'Donnéeë mat deenen de Statec geschafft huet, nach zum groussen Deel op Estimatioune baséieren.
Wat d'Investissementer betrëfft ass d'Evolutioun net grad sou erfreelech.Do gouf et am drëtten Trimester d'lescht Joer e Minus vu bal 3 Prozent, iwwer dräi Méint.
Un den éischten 9 Méint 2018 gekuckt, läit d'Baisse -am Verglach mat 2017- souguer bei bal 4 Prozent.