E Samschdeg um 9. Mee ass jo Europadag. Zanter 7 Joer mëttlerweil hei am Land en offizielle Feierdag. Mä wie profitéiert eigentlech dovun, freet sech dëse Freideg d'Gewerkschaftsunioun aus OGBL an LCGB. Der Regierung, de Gemengen an de Betriber schéngt déi eigentlech Symbolik egal ze sinn.
D'Regierung hätt nämlech all Gemeng am Land et erlaabt de Betriber eng Derogatioun ze ginn, fir um 9. Mee op ze hunn. Domadder géif de Salariéen aus dem Commerce alt nees emol d'Geleeënheet geholl, vun engem Feierdag wierklech ze profitéieren.
OGBL an LCGB bedaueren dat a kritiséieren, dass d'Leit, déi am Commerce schaffen, als Salariéë vun zweeter Klass géife behandelt ginn.
D'Argument dass se jo vun enger Majoratioun géife profitéieren, wier absurd an hypokritesch. Wann d'Regierung an d'Employeure sech wierklech ëm d'Kafkraaft vun de Leit géife suergen, misst eng Mindestloun-Erhéijung kommen.
D'Gewerkschafte stellen sech och weiderhi géint all Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce.