Féderation des hôpitaux luxembourgeoisDe Spidolssecteur muss méi attraktiv ginn

Fanny Kinsch
Eng Woch no der Demissioun vu 6 Kardiologen am Centre hospitalier du Nord huet d'Spidolsfederatioun hir Propositioune virgestallt.
Spidolsfederatioun presentéiert hir Propositiounen
“Mir brauche fir déi selwecht Aarbecht méi Leit an et sinn der manner do”, dat sot de President vun der Spidolsfederatioun Philippe Turk viurn der Press.

Spidolsmedezin muss méi attraktiv ginn/vum Fanny Kinsch

“Mir brauche fir déi selwecht Aarbecht méi Leit an et sinn der manner do”, dat sot de President vun der Spidolsfederatioun Philippe Turk e Méindeg de Moie virun der Press. Eng Woch nodeems 6 Kardiologen aus dem Ettelbrécker Spidol demissionéiert hunn, huet d’FHL hir Propositioune virgestallt, fir d’Spidolsmedezin méi attraktiv ze maachen.

D’Formatioune fir Medezin an aner Gesondheetsberuffer op der Uni Lëtzebuerg missten ausgebaut ginn an et misst opgepasst ginn, datt keng Konkurrenz tëschent de Spideeler an dem Extra-hospitalier entsteet. Ganz wichteg natierlech och d’Remuneratioun vun de Garden.

De Philippe Turk:

Dat ass en Thema, dat ass elo wierklech iwwerfälleg, ech mengen och, datt d’Politik verstanen huet, datt dat net méi zäitgeméiss ass a mir erwaarden ons an den nächsten Deeg do eng Positioun, do si Reunioune virgesinn a mir erhoffen do eng raisonnabel Léisung fir all d’Acteuren.”

D’Gardë missten obligatoresch ginn an et misst och bezuelt ginn, wann en Dokter zum Beispill eng organisatoresch Aarbecht fir d’Spidol mécht. D’Doktere missten am Spidol och besser bezuelt ginn - den Ablack wier et en Desequiliber zu Ongonschte vun de Spideeler.

"[De] Stonneloun ass warscheinlech an der Praxis op d’mannst grad sou gutt wéi am Spidol, wann ech dat mol sou ganz pauschal resuméieren. […] A wa mer dann d’Work/Life-Balance hannendru setzen, ass de Risiko, dass déi Doktere soen: ‘Ech hunn et am Fong grad sou gutt finanziell an awer vläicht mat manner Stress an der Praxis’.”

Et kéint een net allgemeng soen, datt eng riseg Onzefriddenheet bei den Dokteren, déi an de Spideeler schaffen, wier. D’Covid-Kris hätt awer sécherlech hir Spueren hannerlooss, an net just bei der Moral, sou den Direkter vun de Robert Schumann Spideeler.

De Marc Berna:

“Wann ech d’Better fräihale muss, well infektiéis Patiente kéinte kommen, da kann ech meng Beleeung net sou zu 100% fueren, wéi ech et soss géing maachen, an da gi forcement meng Beleeungszuelen erof an da gi meng Moyene bei den nächste Verhandlunge mat der CNS zum Beispill erof.”

Den Direkter vum Ettelbrécker Spidol huet iwwerdeems annoncéiert, datt ewell 2 gutt Kandidature fir nei Häerzdokteren erakomm wieren.

Kritik wéinst “onwürdegem Vokabulär” un der AMMD

D’Doktere solle fir d’Garden an de Spideeler bezuelt ginn, d’Spidolsfederatioun rechent an den nächsten Deeg mat enger Propositioun an deem Dossier. De President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun Alain Schmit hat sech rezent an engem Interview um Radio 100,7 beschwéiert, datt déi Garden iwwert d’Spideeler solle bezuelt ginn: dat wier Ueleg op d’Feier geschott.

D’Kommunikatioun vum Alain Schmit wier an de leschte Méint extrem polemesch ginn, seet den FHL-President Philippe Turk.

Mëttlerweil gëtt Vokabulär gebraucht, dee mir als onwürdeg fir d’Dokteren deelweis empfannen. Et gi Persounen ugegraff amplaz Funktiounen. Mir fannen dat deplacéiert. Ons Finanzen an de Spideeler sinn transparent. A wa mir en Accord hu mat enger CNS oder mam Staat, déi soen ‘deen do Pak Suen ass fir d’Gardë vun den Dokteren’, da garantéiere mir dat. Déi Fro vun Detournement vu Suen, dat ass eng Frechheet.”

D’Gesondheetsministesch hat RTL géigeniwwer erkläert, datt et logesch wier, datt d’Garden iwwert de Budget vun de Spideeler bezuelt ginn, well d’Spideeler och d’Verantwortung géingen droen, fir d’Garden z’assuréieren.

PDF: Schreiwes vun der FHL

Back to Top
CIM LOGO