No Rapport vun der Inspection générale des financesDecisiv Deeg fir de Science Center

RTL Lëtzebuerg
D'Situatioun am Luxembourg Science Center gëtt sou lues brenzeleg. Gëtt d'Propos vun enger neier Gerance net ugeholl, bleiwen d'Subventioune weider aus.
© Domingos Oliveira

Den Nicolas Didier huet ganz bewosst nach versicht, Suen aus der ASBL Science Center a seng Privatfirma GGM11 ze leeden. Doduerch riskéiert déi finanziell Belaaschtung vun der ASBL, déi zanter Abrëll keng nei Subventioune méi vum Staat kritt, ëm bal zwou Milliounen Euro an d’Luucht ze goen. Dat geet aus dem Rapport vun der Inspection générale des finances (IGF) ervir, deen d’lescht Woch fäerdeg gouf.

Decisiv Deeg fir de Science Center / Reportage Michèle Sinner

Dem Nicolas Didier seng Privatfirma huet dem Science Center am Mee zwou Rechnunge geschéckt, fir zesumme ronn zwou Milliounen Euro. Dobäi geet et ëm e moduläert Gebai an dem Ausbau vum Science Center, der sougenannter Phas II. Den Nicolas Didier hat vum Architektebüro Skolnick vun New York Pläng fir déi Phas II zeechne gelooss. Den Institut national pour le patrimoine architectural huet déi Pläng fir déi al Arbedshalen zu Déifferdeng awer aus Denkmalschutzgrënn rejetéiert.

Déi Rechnungen – op Dezember d’lescht Joer datéiert - goufe vum Vize-President a vum Trésorier vum Science Center akzeptéiert, wéi och aus Rapport vun der IGF ervirgeet. Dobäi waren déi nämmlecht Aarbechten als éischt fir manner ewéi d’Hallschent verrechent ginn.

Zwar huet den Nicolas Didier als Gerant vu GGM11 dem Science Center geschriwwen, hie géif wéinst der schwiereger finanzieller Situatioun vum Science Center op de Paiement vun de Rechnunge verzichten, an dat:

“Jusqu’à la date où la situatioun avec le Menje (Ministère de l’Éducation nationale et de la Jeunesse) ait trouvé une solution qui permettra au LSC de remplir ses obligations de payement.”

Gläichzäiteg ënnersträicht d’IGF: “qu’il n’existe à sa connaissance actuellement aucun engagement formel ni une décision explicite prévoyant que l’État prenne en charge les frais relatifs à une éventuelle deuxième phase du LSC et (…) au projet bâtiment modulaire.”

Datt de Staat ni en Engagement fir den Ausbauprojet geholl hat, dat hat de Lex Folscheid vum Educatiounsministère schonn am Abrëll géintiwwer RTL erkläert. Och den Nicolas Didier huet am RTL-Interview missen zouginn, datt de Conseil vum Science Center mol keng formal Decisioun geholl hat, fir GGM11 en Optrag fir déi Aarbechten ze ginn. Dat war also ier hien déi Aarbechten un de Science Center refacturéiert huet.

Den Nicolas Didier huet déi Rechnungen deemno ganz bewosst un de Science Center weiderginn. Den Tresorier vun der ASBL wollt sech zu dësem Moment net äusseren. Ob den Nicolas Didier dee Moment erkläert hat, datt weder d’ASBL, nach de Staat en Engagement fir déi Aarbechte geholl hat, ass also net kloer.

D’Situatioun am LSC gëtt esou lues brenzeleg. Eisen Informatiounen no soll de Luxembourg Science Center dem Educatiounsministère (Menje) dëser Deeg eng Propos maachen, fir sech eng nei Gouvernance ze ginn. Dat ass d’Viraussetzung, fir nees Subventioune vum Educatiounsministère ze kréien, nodeems deen déi al Finanzéierungskonventiounen am Abrëll gekënnegt hat.

An hirem Rapport huet d’Inspection générale des finances (IGF) d’lescht Woch festgehalen, datt de President vum Science Center, den Nicolas Didier, gläichzäiteg Prestataire, Client a Salarié wier a seng Privatfirma GGM11 exklusiv fir den LSC geschafft huet.

“Au vu de ces éléments, l’existence d’un conflit d’intérêt ne peut être niée aux yeux de l’IGF.”

D’Fro ass also, wéi eng Roll den Nicolas Didier an där neier Gouvernance vum Science Center spillt, déi de Science Center proposéiert. An ob déi Propos fir de Ministère akzeptabel ass. D’Zäit gëtt elo esou lues knapps, esouguer ouni déi zousätzlech Facturen. Eisen Informatiounen no kéint de Science Center ouni nei staatlech Subventiounen nach bis den Hierscht funktionéieren. Da ginn d’Suen aus an d’Struktur misst ofgewéckelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO