
Och beim geplangten Ausbau vum Science Center, der sougenannter Phas II, schwätze si net déi nämmlecht Sprooch. An och hei verwëscht den Nicolas Didier bewosst d’Linnen tëscht der ASBL Luxembourg Science Center, där hire President hien ass an déi haaptsächlech duerch staatlech Subventioune vum Educatiounsministère finanzéiert ass, a senger privater Firma GGM11 anerersäits.
Wéi deen Ausbau an der maximalistescher Versioun kéint ausfalen, weist e Projet de note fir de Regierungsrot vum Mee 2022. De LSC Phas II géif deemno am ganze véier Gebaier ëmfaassen. Do dran abegraff wier d’Renovatioun vun zwee klasséierte Gebaier mat der Groussgaassmaschinn 11 an de Neibau vun engem Aganksgebai sou wéi engem Planetarium.
De Käschtepunkt: 96,6 Milliounen Euro. Dovun hätt de Staat der 74,1 iwwerholl. Fir déi aner 22,5 Milliounen hätt den Nicolas Didier Dotatioune vun der Stad Déifferdeng respektiv vun der Fondatioun Losch, der Fondatioun Leir, der Oeuvre nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, dem Fonds européen de développement régional (Feder) an dem Fonds national de la Recherche (FNR) geséchert.
Ma de Lex Floscheid vum Educatiounsministère seet, de Ministère selwer wier och mat méi engem klengen Ausbau vum LSC zefridde gewiescht: “Dat war eigentlech ëmmer ee vun den Haaptprobleemer do, datt een déi genee Envergure dovunner net fonnt huet. Datt de Projet da mol eng Kéier ze grouss war an da vläicht eng Kéier ze kleng war.”
Hien ënnersträicht, datt de Projet de note an där Form ni an de Regierungsrot gaange wier, bis esou eng Nott prett wier, kéint sech nach villes änneren. “Déi Envergure do, déi ass sécherlech am Gespréich gewiescht, mä war awer net gewollt vun alle Säiten an ass éischter och als onrealistesch ageschat ginn, sou datt een net elo ka soen, datt e Projet vun 100 Millioune gewiescht wier, deen um Punkt war, fir esou kënnen deblockéiert ze ginn a sou kënne realiséiert ze ginn. Dat si Montanten, déi waren am Gespréich, mä déi sinn och aus genee deene Grënn, well et als onrealistesch gesi ginn ass, si se net poursuivéiert ginn a sinn eigentlech gestoppt ginn.”
De ganzen Extrait vum Lex Folscheid kënnt Dir hei lauschteren:
Den Nicolas Didier, President vum Science Center, gesäit dat awer anescht. “Ech ka net soen, deen ass gestoppt, deen ass esou wäit fäerdeg. Do mussen nach verschidde Saache geschéien, ënnert anerem d’Mise à Disposition vun den Terrainen an esou virun, an dat ass um kommen.”
Hie gesäit och kee Probleem mat der Envergure. “Ech fannen et net onrealistesch grouss. Wann der elo dohinner kommt a sot: ‘Majo do ass och geschwat ginn, ob een dat kéint a Stécker maachen’. Dat ass eng aner Ausso, wéi ze soen, datt et onrealistesch grouss wär.”
De ganzen Extrait vum Nicolas Didier kënnt Dir hei lauschteren:

Ee vun de Probleemer bleift och beim Ausbau vum Science Center d’Gouvernance. Sou huet de Verwaltungsrot vun der ASBL Science Center formal keng Decisioun geholl, fir e Budget fir Pläng an Etüden an Vue vun der Phas II maachen ze loossen, wéi den Nicolas Didier am RTL-Interview finalement huet mussen zouginn. An awer huet hie bei engem New Yorker Architektebüro scho virun e puer Joer den Optrag ginn, en Avant-Projet sommaire (APS) an en Avant-projet détaillé (APD) ze zeechnen. Bezuelt huet den Nicolas Didier dee Büro iwwer seng Firma GGM11, an déi géif hien der ASBL och nach gäre refacturéieren, obwuel déi eben net formal decidéiert huet, esou Pläng maachen ze loossen.
Den Extrait dozou vum Nicolas Didier kënnt Dir hei lauschteren:
D’Pläng goufe vum Bureau Skolnick gezeechent an nodeems de Büro den Optrag krut, huet dem Nicolas Didier säi Bouf, Louis Didier, ugefaangen do ze schaffen, fir d’éischt als Stagiaire. Dono, wéi den Nicolas Didier erkläert, als Architekt, deen um Projet Science Center geschafft hätt. Dat wier kee “Quid pro quo” gewiescht, seet de Lee Skolnick vum New Yorker Bureau op RTL-Nofro. Ma Architekt wier de Louis Didier senges Wëssens awer net, esou säi fréiere Patron; obschonns sech de Louis Didier beispillsweis op LinkedIn esou duerstellt.
D’Extraite vum Nicolas Didier an vum Lee Skolnick kënnt Dir hei lauschteren:
Zanterhier schafft de Louis Didier a sengem Papp senger Firma, also GGM11. Ma hien trëtt och als Vertrieder vum Luxembourg Science Center op. Sou beispillsweis de leschten Oktober an enger Reunioun mam Institut national pour le patrimoine architectural (Inpa), fréier Site et monuments, wéi de Kulturministère confirméiert. Do huet de Louis Didier insistéiert, datt d’Phas II vum Science Center soll no den initiale Pläng realiséiert ginn.
Obwuel déi schonn 2021 vum Inpa verworf gi waren an d’Kulturministerin Sam Tanson an engem Courrier en halleft Joer virdrun nach emol kloer gestallt hat, datt déi Pläng aus Ursaachen vum Denkmalschutz net acceptabel wieren. An dem Nicolas Didier recommandéiert hat, nei Pläng vun engem Büro zeechnen ze loossen, dee sech mat den Ufuerderunge vum Denkmalschutz géing auskennen. Dat hat hien och gemaach an déi nei Pläng haten dem Inpa och direkt vill besser gefall. Firwat also op deenen alen insistéieren?
Méiglecherweis well de Projet soss misst méi kleng ausfalen. Ënnert anerem ass den Inpa nämlech net averstanen, fir an der klasséierter Centrale thermique d’Betonssockele vun de fréiere Maschinnen ewechzerappen. Wann déi Sockele musse stoe bleiwen, kann de Konferenzzentrum, deen den Nicolas Didier do geplangt huet, an deen hie vis-à-vis vum Staat an der Gemeng Déifferdeng als Atout fir déi ganz Regioun Süde verkaf huet, net wéi vun him virgesi realiséiert ginn. Notamment d’Gemeng Déifferdeng huet sech engagéiert, siwe Milliounen Euro an d’Realisatioun vum dem Volet z’investéieren, wéi aus dem Projet de Note fir de Regierungsrot ervirgeet.
Déi besoten Hal wier soss vläicht guer net Deel vum Projet, well an engem Courrier vu Juni 2021 hunn den Educatiounsminister Claude Meisch an der Kulturministerin Sam Tanson dem Nicolas Didier ferm un d’Häerz geluecht, sech op Integratioun vum Science Center an eent vun de Gebaier, nämlech d’Centrale à gaz, ze konzentréieren.
An enger viregter Reunioun, heescht et am Bréif: „Il fut encore souligné que tous les efforts de planification devaient se focaliser sur la mise en valeur de ce hall, tout en réduisant au maximum les espaces à créer autour. En effet, vue la situation financière actuelle des pouvoirs publics, le défi est celui d’intégrer le Science Center dans un immeuble existant à restaurer, cela à un prix raisonnable et raisonné. (…) Toute aide financière complémentaire à celle de l’État, que vous pourriez obtenir à l’heure actuelle ou dans le futur, devra être investie dans l’aménagement final du hall ainsi que dans les frais de fonctionnement du Science Center. »
All dës Pläng huet den Nicolas Didier, wéi hie seet, am Optrag vum Science Center maache gelooss. Dobäi gehéieren d’Gebaier weder him, nach dem Science Center deen dra soll, nach dem Staat, dee soll bezuelen, mä ëmmer nach: Arcelor-Mittal. De Betrib, deen op dem Site zu Déifferdeng nach aktiv ass a Stol walzt, soll dofir d’Gebaier an den Terrain ronderëm iwwert e Bail emphytéotique zur Verfügung stellen. D’Fro ass ass awer: wiem? Der ASBL Luxembourg Science Center ënnert dem Nicolas Didier? Oder engem Groupement d’intérêt économique (GIE), deen en Vue vum Ausbau ze grënne wier?
D’Grënnung vun esou engem GIE, an deem de Staat nieft dem LSC vertruede wier, ass eng vun de Konditiounen, déi d’Regierung fir den Ausbau stellt. Dat geet aus der Note de projet fir de Regierungsrot ervir, an där erkläert gëtt, datt de GIE als maître d’ouvrage fir Aarbechte géing fungéieren. Sou hätt de Staat d’Kontroll iwwert d’Aarbechten, wärend den LSC an den neie Raimlechkeeten de Science Center géif exploitéieren an dat mat engem Commissaire de gouvernement un der Säit.
An engem Courrier un d’Kulturministerin Sam Tanson vum August 2022 erkläert den Nicolas Didier, datt hie mat Arcelor-Mittal d’Detailer vun engem Accord iwwert de Bail emphytéotique verhandelt hätt, an een dëse schonn Ufank September géif ënnerschriwwen. Also tëscht Arcelor-Mittal an dem LSC. Op Nofro beim Michel Wurth kléngt dat e bëssen anescht. Hie seet, d’Positioun vun Arcelor-Mittal wier et ëmmer gewiescht, datt bei esou engem Projet d’envergure “all Parteie misste ronderëm den Dësch” vun esou engem Accord sëtzen. De Staat, well e bezilt, an och d’Gemeng Déifferdeng. Dat wier deemno éischter de GIE.
Datt Arcelor-Mittal bereet ass, dem Science Center, an domat dem Public, deen dohi kënnt, en Accès op den Stolsite z’accordéieren, war – aus Sécherheetsgrënn – net ëmmer esou. Éischt Pläng vum Nicolas Didier fir e Musée, respektiv e Science Center an der Hal vun der Groussgasmaschinn ze amenagéieren haten envisagéiert, déi denkmalgeschützten Hal an d’Maschinn, Zill ëm Zill a Stéck fir Stéck ofzedroen an zu Lasauvage nees opzebauen, wéi een an der Zeitung Lëtzebuerger Land ka noliesen.
Dono sollt se net méi bis Lasauvage, mä bannent Déifferdeng selwer plënneren, op déi fréier Héichuewenterrass. Fir den neie Musée war den deemolege Déifferdenger Buergermeeschter Claude Meisch bereet, een Drëttel vum geplangte Budget vu 55 Milliounen Euro z’iwwerhuelen. Déi aner zwee Drëttel hätt d’Regierung vum Jean-Claude Juncker iwwerholl. Ma zwee Deeg ier de Projet sollt am Regierungsrot approuvéiert ginn, gouf dem Jean-Claude Juncker seng Regierung gestierzt. De Claude Meisch gouf Educatiounsminister an der neier Koalitioun. Ma déi huet fir unzefänken Austeritéitsprogrammer gemaach an op den Autobunne Luuchtepottoen ëmseeë gelooss. Sou ass de Science Center dunn an enger éischter Phas an d’Léierbud agezunn, wou en elo ass.
Als Déifferdenger Buergermeeschter hat de Claude Meisch 2013 gehofft, datt bis Enn vum Joerzéngt net just seng Gemeng, mä de ganze Süde vum Land mam Science Center (deemools eben op der Héichuewenterrass geplangt) ëm een “Highlight” méi räich wier.
Antëscht ass een am Ministère vum Educatiounsminister Claude Meisch net méi ganz esou Feier a Flam. Zanter datt ee vun de Probleemer mat der Gouvernance, dem Nicolas Didier sengem Interessekonflikt als President vun der ASBL weess, ass den Enthusiasmus gebremst. De Lex Folscheid seet elo, als éischt misst een mol d’Phas I ofsécheren. Et wier ee “wäit, wäit ewech dovun, fir iwwer den Ausbau an enger Phas II ze schwätzen“.
De ganzen Extrait vum Lex Folscheid dozou kënnt Dir hei lauschteren:
Commentaire vum Michèle Sinner Luxembourg Science Center
“Science Center” - En Interessekonflikt “Mir hunn dat als ‘Schluddregkeet’ ofgehaakt”
Luxembourg Science Center “Sou wéi bis elo wäert et net kënne weider goen”