Um Dag no de GemengewalenDéi éischt Decisiounen iwwer Poste si gefall

Maxime Gillen
Annick Goerens
Um Méindeg nom Waldag sinn an enger Partie Lëtzebuerger Gemenge schonn Decisiounen iwwert Koalitiounen a Poste gefall.

Ugefaangen zu Beetebuerg, wou feststeet, dass dass den CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet weider 6 Joer op deem Poste wäert bleiwen. Dat an enger Koalitioun mat der DP an déi gréng.

Zu Betzder heescht den neie Buergermeeschter Marc Ries. Och hei ass et eng Fortsetzung vun der aktueller Koalitioun aus CSV an LSAP geplangt.

Fréiseng behält säi Buergermeeschter Roger Beissel. D’Biergerlëscht Är Equipe deet sech mat der DP zesummen.

Zu Gréiwemaacher geet d’Koalitioun CSV-déi gréng a Sondéierungsgespréicher. Dat mam Léon Gloden un der Spëtzt.

An der CSV-Héichbuerg Hesper huet de Buergermeeschter Marc Lies mussen e bësse Plomme loossen. Dofir hëlt d’CSV sech d’DP un d’Säit a forméiert domat eng zolidd Majoritéit.

Zu Ëlwen heescht den alen an neie Buergermeeschter Edy Mertens. De Schäfferot ännert sech just, well de Norbert Breuskin net méi matgaangen ass. Dee gëtt ersat vum Carlo Schroeder.

An och zu Wëntger gesäit et duerno aus, wéi wann déi aktuell CSV-DP-Koalitioun ënnert dem Lucien Meyers géif virufueren.

Déi éischt Decisiounen iwwer Poste si gefall / Maxime Gillen

Zu Wolz confirméiert den aktuelle Buergermeeschter Fränk Arndt, dass een am fréien Owend éischt Sondéierungsgespréicher mat der CSV féiert. D’LSAP huet bei dëse Gemengewalen an der Ardennestad Prozentpunkte verluer, d’CSV huet der gewonnen, allebéid kommen op 5 Sëtz.
Deementspriechend huet d’CSV hirersäits och Mol Sondéierungsgespréicher mat enger DP gesicht. Wéi eng Koalitioun hei um Enn wäert erauskommen, kann een den Ament nach net soen.

Aus der Gemeng Park Housen koum e Méindeg d’Confirmatioun, dass den aktuellen Buergermeeschter Romain Wester mat den 2 Schäffen Gilles Thilgen an Georges Majerus weiderfiert.

Zu Clierf gëtt e Méindeg den Owend nach sondéiert, sou de Georges Keipes, dee mat senger Biergerlëscht fir eng Iwwerraschung gesuergt, an den Nach-Buergermeeschter Emile Eicher vun der CSV bei de Walen hannert sech gelooss hat. De 35 Joer ale Georges Keipes wier prett fir Buergermeeschter ze ginn.

Den Iwwerbléck aus dem Norden / Annick Goerens

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de Resultater vun alleguer de Gemengen.

Back to Top
CIM LOGO