Um RouschtPresuméiert Kabel-Déif konnte gepëtzt ginn

Andy Brücker
Eng Persoun war an der Nuecht op en Dënschdeg opgefall, well se fortgelaf ass, wéi se d'Poliziste gesinn huet.
© SEBASTIAN GOLLNOW/dpa Picture-Alliance via AFP

Eng Policepatrull war an der Nuecht op en Dënschdeg am Raum Rouscht ënnerwee, wéi se eng Persoun gesinn huet iwwert e Feld fortlafen, nodeems dës d'Beamten entdeckt huet. Net wäit ewech sinn nach aner Leit och deen Ament fortgelaf. Et gouf direkt eng Sichaktioun lancéiert an et konnten dräi presuméiert Täter gepëtzt ginn. Op engem Schantjen war en Zonk futti geschnidde ginn an eng Partie Elektrokabele ware schonn bei déi Ëffnung transportéiert ginn, fir da wuel geklaut ze ginn. Et goufen dann och eng See a Briecheise séchergestallt, déi an deem Beräich fonnt goufen.

Back to Top
CIM LOGO