De 7. Oktober d’lescht Joer huet déi islamistesch Hamas Israel esou schlëmm ugegraff, wéi nach ni virdrun an der Geschicht. Iwwer 1.300 israeelesch Ziviliste koume bei der Attack ëm d’Liewen, dorënner méi wéi 350 op engem Museksfestival. Ronn 250 Leit goufen als Geisel an d’Gazasträif verschleeft.
E Méindeg goufen um éischte Joresdag vun deem grujelegen Evenement an der Stad zwou Gedenkmanifestatiounen ofgehalen. Eng, op där d’Fräiloosse vun de Geisele gefuerdert gouf an eng, op där een d’Enn vum “Genozid” un de Palästinenser gefuerdert gouf.
De Marc Hoscheid war fir eis op béide Maniffen dobäi.
Eng 60 bis 80 Persounen haten der Police no am Schloreen de Wee op den Hamilius fonnt, fir hir Solidaritéit mat der palästinensescher Populatioun auszedrécken. Zanter dem Ufank vum Krich virun engem Joer si méi wéi 42.000 Palästinenser gestuerwen. Dowéinst wier zanter engem Joer och kee Krich, mee ee Genozid amgaangen. Den Ursprong vum Konflikt géing iwwerdeems vill méi wäit zeréckleien an d’Problemer géinge sech net op déi militäresch Ausernanersetzung beschränken.
Fatima Kurtic, Member vu Luxembourg4palestine:
“Eis geet et dorëms, datt de Genozid ophält an, datt een no 76 Joer Occupatioun an Apartheid versteet, datt dat doten net méi weidergoe kann. Dat gesitt der och op der israeelescher Säit, wou Leit géint de Genozid ginn, déi soen dat selwecht, déi wësse ganz genee, wat do stattfënnt, datt déi Checkpointen hunn. Do ass sou vill hannendrun, wat einfach verstoppt gëtt.”
Et géing een ee Waffestëllstand fuerderen. Fir dat ze erreechen, kéint och déi Lëtzebuerger Regierung méi bäidroen, wéi se bis elo gemaach hätt.
Dalia Khader, huet Famill zu Jerusalem a Ramallah:
“Si sollt handelen, si sollt handelen, et ass héich Zäit. Et braucht Sanktiounen, sou wéi mer se och géint aner Länner hunn, zum Beispill Russland. Et ass Zäit ze verstoen, datt dat, wat geschitt, disproportionéiert ass a mer ufänke mussen ze handelen a mat organiséierten diplomatesche Léisunge komme mussen. Sanktioune wieren eng, bis d’Situatioun sech berouegt an ee Waffestëllstand do ass.”
Zur selwechter Zäit hate sech de Sécherheetsautoritéiten no tëscht 200 an 250 Leit op der Place Clairefontaine versammelt, fir d’Fräiloossung vun deene Geiselen ze fuerderen, déi nach an der Gewalt vun der Hamas sinn. Dat och mat Bléck op d’Konditiounen, ënnert deenen déi Leit liewe missten, esou ee Participant vun der Demonstratioun:
“Déi Geisele gi géint all humanitär Normen a Reegelen a Gaza gefaange gehalen. Ouni medezinesch Versuergung, ouni anstänneg Behandlung, d’Frae gi vergewaltegt, si liewen an der stänneger Angscht virum Dout, ënnert hinnen zwee Kanner, eent ass een, dat anert fënnef Joer al. Mir kommen all Weekend hei an den Zentrum vun der Stad, fir jiddereen, deen et interesséiert, dorëm ze bieden, déi Leit fräizeloossen.”
Israel misst dat Land sinn, an deem Judde sécher liewe kënnen. Am Rescht vun der Welt wier dat nämlech nëmme bedéngt méiglech. Sou och zu Lëtzebuerg, dowéinst misst d’Regierung hier Responsabilitéit huelen.
Rebecca Marciano, Member vu Collectif 7 Octobre:
“Au niveau local, je pense que le gouvernement luxembourgeois doit lutter contre l’antisémitisme. On a le plus grand mal à être défendu, on a le plus grand mal à pouvoir déposer une plainte, on a le plus grand mal, malgré l’existence du Rial, à faire entendre notre voix. Le conflit ne doit pas être importé au Luxembourg, nous voulons vivre en paix au Luxembourg. Nous défondons les victimes innocentes où qu’elles soient. Je souhaite aucune mort, les enfants palestiniens comptent pour moi autant que les enfants israéliens.”
Si kéint awer net novollzéien, datt um 07. Oktober nach eng aner Maniff an der Stad organiséiert gouf. Et géif weider 364 Deeg am Joer, fir fir aner Causen ze demonstréieren.