Um Virowend vun NationalfeierdagDéi offiziell Feierlechkeete konzentréiere sech op Déifferdeng an d'Stad

Marc Hoscheid
Wat ass wou wéini lass? En Iwwerbléck vun de Festivitéiten.
© Ketty a Rom Hankes

En Dënschdeg ass Nationalfeierdag, ma traditionell gëtt schonn um Virowend vu Groussherzogsgebuertsdag queesch uechter d'Land gefeiert. De Marc Hoscheid mat engem Iwwerbléck iwwert déi gréisst offiziell Festivitéiten.

Schonn um 16 Auer e Méindeg de Mëtteg ass um Krautmaart virum Palais d'Relève vun der Garde. Fir 17 Auer gëtt déi groussherzoglech Koppel zu Déifferdeng erwaart. De Staatschef besicht um Virowend vun Nationalfeierdag jo ëmmer eng aner Gemeng, d'lescht Joer waren de Grand-Duc Henri an d'Maria Teresa zu Esch, wärend déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Monnerech op Visitt war.

Dëst Joer sinn de Guillaume an d'Stéphanie um Virowend fir déi éischte Kéier als groussherzoglech Koppel am Asaz, an zwar an der drëttgréisste Stad vum Land. Vertrieder vun der Gemeng, der Chamber an der Regierung empfänke si am Park Gerlach, um Programm stinn dann ënnert anerem een Defilé vu lokale Veräiner an een Austausch mat de Bierger. Am Fong sollt een Deel vun de Festivitéiten op der Maartplaz sinn an et war och eng Visitt vum Creative Hub 1535 geplangt, mee wéinst den héijen Temperature goufen Upassunge gemaach an déi ganz Visitt wäert sech am Park Gerlach ofspillen.

Géint 19 Auer kënnt de Besuch op een Enn, wat awer net heescht, datt zu Déifferdeng da schonn Alles un an aus wier. Um 19:30 Auer ass am Park Gerlach een Te Deum ënnert fräiem Himmel an dono gëtt bis spéit an d'Nuecht era gefeiert.

Fir de Guillaume an d'Stéphanie geet et iwwerdeems weider an d'Stad, um 21:30 Auer 10 fänkt nämlech den traditionelle Fakelzuch un. Eng 2.800 Participanten zéien dobäi vun der Theaterplaz bis op d'Place Clairefontaine. Déi groussherzoglech Koppel suivéiert dat Ganzt vun der Éierentribün um Knuedler aus.

Vun 23 Auer u gëtt vum Pont Adolphe aus d'Freedefeier geschoss, dat wäert eng gutt Véierelstonn laang daueren.

Dee ganzen Owend bis an d'Nuecht era gi queesch uechter d'Stad Concerten organiséiert an et gi sech Zéngdausenden, wann net nach méi, Visiteuren erwaart. Laang Zäit fir ze raschten huet op d'mannst déi groussherzoglech Koppel awer net. En Dënschdeg um Nationalfeierdag selwer geet et nämlech um 10 moies mat der ziviller Zeremonie an der Philharmonie virun. Dono gëtt an der Neier Avenue d'Militärparad ofgehalen am um 16:30 Auer ass mam Te Deum an der Kathedral den Ofschloss vun den offizielle Festivitéiten.

Suivéiert d'Festivitéiten och op RTL!

Back to Top
CIM LOGO