Kannerbetreiungsstrukturen, soziale Wunnraum a BiergerbedeelegungDéi Stater Lénk hunn hir Theeme fir d'Gemengewalen 2023 presentéiert

Lynn Cruchten
D'Reduzéiere vun den CO2-Emissioune bei Gebaier, sech fir méi Biergerbedeelegung asetzen a virun allem de Logementsproblem bekämpfen.
Déi Stater Lénk hunn hire Theeme fir d'Gemengewalen 2023 presentéiert
D’Reduzéiere vun den CO2-Emissioune bei Gebaier, sech fir méi Biergerbedeelegung asetzen a virun allem de Logementsproblem bekämpfen.

Dat sinn déi 3 Prioritéite vun der Stater Sektioun vun déi Lénk en Vue vun de Gemengewalen 2023.

De Stater DP-CSV-Schäfferot géif sech ëmmer bretze mat der Unzuel un abordabele Locatiounswunnengen um Stater Territoire, dobäi géif d’Offer u sozialem Wunnraum bei Wäitem net der Demande gerecht ginn. Fir déi Lénk misst deen Taux vun aktuell knapp iwwer 1% mëttelfristeg op 10 a laangfristeg souguer op 20% eropgesat ginn. Dat wier zum Beispill méiglech, wann d’Projete vun der Porte de Hollerich an dem Stade Route d’Arlon an ëffentlecher Hand géife bleiwen. Dernieft plädéieren déi Lénk awer och fir d’Schafe vun enger kommunaler Immobiliëgesellschaft als Géigegewiicht zu de private Promoteuren. D’Nathalie Reuland vun déi Stater Lénk erkläert:

“Da kéint d’Stad selwer bauen, fir ebe Leit mat nidderegem oder normalem Akommes oder och Leit, déi vu Sozialhëllef ofhängeg sinn, dass déi kënnen an der Stad weider wunnen. An dat ass méiglech. Well d’Stad Lëtzebuerg huet enorm vill Bauland, am Ganze 87,5 Hektar. D’Stad Lëtzebuerg huet och grouss finanziell Reserven, an zwar am Ganzen 1 Milliard an 28 Milliounen Euro. Dat war de Stand vum 31. Dezember 2021. An d’Stad Lëtzebuerg huet 4.400 Mataarbechter. Iwwert d’Gesetz vun der Aide à la pierre vum Ministère du logement, kann d’Stad 75% bäigeluecht kréie bei Projeten, wat Logement abordable ubelaangt. An d’Virfinanzéierung ass mat deene grousse Reserve jo awer wierklech kee Problem.”
Fir méi Biergerbedeelegung proposéiert d’Partei pro Quartier an der Stad 1 Comité anzeféieren, deen och materiell a finanziell sollt ënnerstëtzt ginn. Déi Quartiers-Comitéë kéinte sech selwer saiséiere fir all Sujet, deen hir Ëmgéigend betrëfft a si kéinten Avise schreiwen, déi virun engem Vott am Gemengerot misste berécksiichtegt ginn.

De Manktem u Plazen a Kannerbetreiungsstrukturen an déi laang Waardelëschte maachen de Lénken och ferm Suergen. Haaptgrond heifir wier e Mangel u Personal. D’Gemeng misst dorop reagéieren.

D’Kritik un der Politik vun der aktueller DP-CSV-Majoritéit bleift net aus. Mat nëmme wéineg Leit am Gemengerot géif een als Lénk permanent groussen Asaz weisen, mee leider géife vum Schäfferot nëmme wéineg Proposen ugeholl ginn. De Guy Foetz, Stater Gemengeconseiller vun déi Lénk, huet dofir eng kloer Meenung, wéi déi nächst Gemengewale sollten ausgoen.

“Et géing der Stad wierklech gutt doen, wann an deem nächste Gemengerot eng Koalitioun wär ouni DP. Awer och ouni CSV, déi jo eng änlech Politik mécht. An ech menge mir sollten de Leit och eng Perspektiv bidden. Dofir triede mir och dofir an: eng Zesummenaarbecht tëschent deene Gréngen, der LSAP an eis, fir dass mer endlech hei an der Stad e Schrëtt weiderkommen.”

Back to Top
CIM LOGO