Tëscht Mäerzeg an NidderfeelenDéidleche Motorradsaccident an der Nuecht op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
E Motocyclist, dee vu Mäerzeg koum, ass an enger Kéier gefall, iwwert d'Strooss gerutscht an an e Gruef laanscht d'Strooss gefall.
© Police

Fir de 44-Joer-ale Mann vun  Nidderfeelen koum all Hëllef ze spéit. D'Police Technique huet op der Plaz ënnersicht, wéi et zum Accident koum. De Parquet huet eng Autopsie ugefrot.

D'Pompjeeë vu Mäerzeg an Ettelbréck waren am Asaz, grad ewéi de Samu Nord an d'Ambulanz vun Ettelbréck.

Back to Top
CIM LOGO