D'Police deelt matDéifstall vun engem Auto, Auto a Brand an eng Partie Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg gouf zu Nidderaanwen an der Rue Dicks agebrach. Dobäi gouf e groe VW Polo mam Lëtzebuerger Nummereschëld EM0792 aus enger Garage geklaut.

Géint 3 Auer e Sonndeg de Moien krut d’Police dann e brennenden Auto an enger Afaart an der Rue Prinzenberg zu Nidderkuer gemellt. D’Garagendier an d’Fassade vum Haus goufen duerch de Brand beschiedegt. D’Bewunner vum Haus a vun den ugrenzende Gebaier goufe fir den Zäitraum vun de Läschaarbechten evakuéiert.
De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police domat beoptraagt, de Grond vum Feier erauszefannen.

Iwwerdeems huet d’Police eng Partie Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn:

Géint 17.30 Auer e Sonndeg hate sech op der N2 op der Héicht vu Bous 2 Autoen ze pake kritt. Et war beim Materialschued bliwwen. Allerdéngs hat ee vun de Chaufferen ze vill gedronk a krut dowéinst de Fürerschäin op der Plaz ofgeholl.

Kuerz virun 21 Auer gouf dann e staark beschiedegten Auto gemellt, deen zu Bartreng ënnerwee war. Wéi d’Polizisten den Auto an Fuererin kontrolléiert hunn, hat sech erausgestallt, dass dës ze vill Alkohol am Blutt hat. Et hat sech ausserdeem erausgestallt, dass si an der Rue de l’Industrie an e Luuchtepotto gerannt war. Och si krut de Fürerschäin ofgeholl.

Géint 23 Auer gouf dann an der Fiels en Automobilist kontrolléiert, deen ze vill gedronk hat. Ausserdeem hat sech bei der Kontroll erausgestallt, dass schonn e Fuerverbuet géint hie virlouch. D’Beamten hunn en Plainte géint de Mann deposéiert.

Schliisslech war géint 00.20 Auer e Méindeg de Moien en Automobilist op der Héicht vum Pont Buchler an der Stad accidentéiert. Well och hien ze vill Alkohol consomméiert hat, gouf säi Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO