Um Hals duerch d'Trapenhaus geschleeftPolice war wéinst engem Noperschaftssträit zu Bouneweg am Asaz

Kevin Kayser
Bei zwou kierperlechen Ausernanersetzunge war d'Police e Méindeg am Asaz.
© Laurent Weber

E Méindeg am Nomëtteg gouf d'Police an de Schoulhaff op Dikrech geruff, well hei méi Jugendlecher uneneegerode waren. Éischten Ermëttlungen no war dobäi ee Jonke vu méi aneren agekreest, festgehalen a geschloe ginn, nodeems et virdrun zu enger Meenungsverschiddenheet komm war. De Jugendleche gouf dobäi liicht blesséiert an dowéinst medezinesch ënnersicht. D'Ermëttlunge lafen.

An engem weidere Fall huet e Mann eng Plainte géint säin Noper gemaach. Him no koum et an der Residenz zu Bouneweg an der leschter Woch ëmmer nees zu Sträit. Dobäi soll den Noper d'Affer ënner anerem menacéiert hunn a bei enger méi fréier Renconter och mam Hals geholl an duerch d'Trapenhaus gezunn hunn. E Méindeg du gouf et nees Menacen. D'Police huet e Protokoll ausgestallt a weider Ermëttlungen ageleet.

Da gouf et e Sonndeg nees en Tëschefall mat enger E-Trottinett an der Stad. E Mannerjärege war hei ënnerwee an hat duerch seng Fuerweis eng Gefor fir sech an anerer duergestallt. Fir awer Risiken ze vermeiden, haten d'Beamten decidéiert, dem jonke Chauffer net direkt mam Auto nozefueren. Et ass hinnen duerch hir Ermëttlungen awer gelongen, d'Identitéit vum Chauffer erauszefannen an hire Verdacht, datt d'Gefier onerlaabt friséiert gi war, gouf och confirméiert. De Parquet huet d'Trottinett saiséiere gelooss.

Back to Top
CIM LOGO