
E Méindeg géint 15:15 Auer gouf der Police an der Rue de Dalheim zu Haassel op der Héicht vum Haus mat der Nummer 7A en Accident tëscht engem Vëlo an enger Camionnette gemellt.
Éischten Ermëttlungen no huet d'Camionnette de Cyclist gesträift, wéi de Chauffer vum motoriséierte Gefier de Vëlosfuerer lénks iwwerhuele wollt. An der Suitte ass de Cyclist op de Bord vum Trottoire gefall. Dobäi huet hie sech un der Schëller an um Ielebou verletzt.
D'Camionnette ass nom Tëschefall einfach weidergefuer, ouni stoenzebleiwen a sech ëm den Accident respektiv, ëm de Schued, deen entstanen ass, ze këmmeren. D'Gefier ass den Ermëttlungen no gro vun der Mark Peugeot. Op der lénker hënneschter Dier war eng Leeder fixéiert. D'Plack vun der Camionnette soll giel gewiescht sinn.
Leit, déi den Accident gesinn hunn oder Informatiounen zu der Camionnette oder dem Chauffer hunn, solle sech bei der Police vum Réiserbann um 244 61 1000 oder per Mail op police.reiserbann@police.etat.lu mellen.