Majoritéit BrasilianerKnapp 55.000 Leit kruten an de leschte fënnef Joer d'Lëtzebuerger Nationalitéit

Roy Grotz
Den impressionnante Chiffer vu bal 55.000 Leit hu bannent de leschte 5 Joer d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt. Genee waren et 54.230 Fraen a Männer, déi fir eis Nationalitéit optéiert hunn.
Dräi Lëtzebuerger Päss
Dräi Lëtzebuerger Päss.
© Raphaëlle Dickes (Archivbild)

Et sinn d'Brasilianer, déi am stäerkste vertruede waren, fir de begierte Lëtzebuerger Pass ze kréien, mat ronn 11.200 Leit, viru Persounen aus Frankräich (8.350), Portugal (7.000), der Belsch (3.700) an den USA (3.500).

Wat den Alter ugeet, war bei de Persoune mat enger fréierer brasilianescher Nationalitéit d'Altersgrupp vun den 30 bis 44 Joer ale Leit mat 4.800 Persounen am meeschte vertrueden.

Wat d'Drëttstaaten ugeet, déi baussent dem amerikanesche Kontinent leien, sinn am meeschte Lëtzebuerger Päss fir Leit aus Syrien, dem Irak, Indien, Marokko an der Tierkei ausgestallt ginn.

D'Lëtzebuerger Nationalitéit ass iwwer dräi Weeër ze kréien: d'Optioun, bei där och den Droit du Sol fir Kanner gëllt, d'Naturalisatioun, woubäi nieft der 5 Joer laanger Residenz-Dauer och e Sproochentest vum Niveau A2 an e 24 Stonne laange Vivre-Ensemble-Cours gehéiert, oder de Recouvrement.

Dës Chiffere liwweren d'Ministere Frieden, Margue a Meisch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten-Duo Bauler a Baum.

D'parlamentaresch Fro N°4611 an déi entspriechend Äntwert op dës fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO