PoliceDéifstall zu Esch a Kierperverletzung zu Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend géint 22.20 Auer koum et zu Esch-Uelzecht an der Grand-Rue zu engem gewalttätegen Ugrëff op zwee Passanten.
© RTL (Archiv)

Eng Grupp vu véier Männer war de Passanten entgéintkomm. Ee vun hinne gouf direkt an d'Gesiicht geschloen, wärend den aneren op de Buedem gedréckt gouf a si béid no Wäertgéigestänn duerchsicht gi sinn. Nom Déifstall sinn d'Männer mat engem geklaute Portefeuille a Richtung vun der Rue de l'Église fortgelaf. Bei der Sich direkt duerno konnte si net ermëttelt ginn, et gëtt eng Plainte gemaach an d'Ermëttlunge ginn ageleet.

Scho géint 19.40 Auer hu sech zu Iechternach an der Rue des Remparts zwee Männer zerklappt, nodeems Beleidegunge geäussert gi waren. Ee Mann hat no der Ausernanersetzung Verletzungen am Gesiicht an huet fir d'Behandlung missen an d'Spidol transportéiert ginn. Den Ugräifer, dee beim Antreffe vun der Police fortgelaf war, konnt an der Rue André Duchscher gestallt ginn. Dunn huet sech erausgestallt, datt et géint de Mann en Openthaltsverbuet zu Lëtzebuerg gëtt. Et gouf e Protokoll wéinst dem Openthalt a wéinst dem Ugrëff erstallt an d'Frieme-Police gouf informéiert.

E Mëttwoch de Moien ass eng Persoun an en Haus zu Lankelz (Esch/Uelzecht) agebrach a konnt kuerz dorobber mat der geklauter Wuer gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf dës Persoun erkennungsdéngschtlech behandelt. Eng Plainte gouf gemaach.

Back to Top
CIM LOGO