D'Luxembourg Event Association (kuerz: LEA) ass ee Kand vu Covid19. Dës Associatioun gouf 2020 gegrënnt, als Interessevertriedung vun deene Firmen, déi wärend der Pandemie nëmmen nach d'Daimercher dréine konnten. Vun där Kris hat den Evenementiel sech awer relativ séier erholl. Mä Corona war net déi lescht Kris. Déi aktuell ekonomesch onsécher Situatioun suergt dofir, dass d'Budgete bei Firmen a Privatleit net méi esou labber sëtzen. Et gëtt gespuert, och bei Evenementer.
Mä d'LEA wëllt net a Krisestëmmung verfalen. Hir Membere probéieren, sech un déi nei Situatioun ze adaptéieren. An d'Associatioun lancéiert - zesumme mat der Luxembourg Confederation an dem Wirtschaftsministère – eng national Campagne, fir hir potentiell Clienten ënnert dem Slogan "Events, the beating heart of your strategy" ze iwwerzeegen, dass Evenementer grad an dësen Zäiten ee wichtegt Marketinginstrument bleiwen. Donieft soll de Lëtzebuerger Savoir-faire an deem Beräich méi bekannt gemaach ginn. Hei am Land géif et eng sëllege Firme ginn, déi op d'Konzipéierung, d'Preparatioun an d'Duerchféierung vun Evenementer spezialiséiert sinn.
An der Luxembourg Event Association si 85 Firmen (Agencen, Traiteuren, Event-Locations, Techniker, Handwierker, asw ...) organiséiert, déi zesummen eng 1.500 fest Mataarbechter a Mataarbechterinne beschäftegen. 2024 goufen zu Lëtzebuerg iwwer 9.000 professionell Evenementer organiséiert, un deenen 935.000 Leit deel geholl hunn.