VILL NEI FOTOEN - En neie Chefscout fir LëtzebuergDem Ierfgroussherzog Guillaume säi Scoutsverspriechen

Roy Grotz
E Freideg, de 4. Oktober, huet den neie Chefscout vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouts-Associatioune säin Verspriechen op der Kinnekswiss ofgeluecht.

Trotz dem Reen an de groe Wolleken hate sech e Freideg am Nomëtteg eng 2.500 Guiden a Scouten an d'Kinnekswiss an de Stater Parc deplacéiert, wou den neie Chefscout Guillaume säi Scoutsverspriechen ofgeluecht huet.

A Präsenz vum schwedesche Kinnek Carl-Gustav, dee selwer an de Scoute ganz aktiv ass, huet den Ierfgroussherzog d'Charge vum Chef vun de béide Lëtzebuerger Scouts-Federatiounen, d'LGS an d'FNEL, ugeholl a säin Engagement ofgeluecht. D'Zeremonie war - trotz dem Protokoll - eng typesch Scouts-Veillée mat sëllege Jonken a Kanner op der Bühn, vill Animatioun a Gesang.

Dës Ambiance konnt trotz dem Reen kee kal loossen...och net de neie Chefscout, dee sech um Enn vun der Feier u "seng" Scouten geriicht huet: "Ech hoffen, dass et iech net ze kal ass... Geet et? Op jiddwerfalls e ganz, ganz, ganz grousse Merci, dass dir zu esou vill haut heihinner komm sidd, fir dee Support ze weisen. An nach eng Kéier: Ech wäert wierklech dat Bescht ginn, fir e gudde Chefscout ze sinn, wéi mäi Grousspapp."

Guillaume Chefscout

Den Ierfgroussherzog Guillaume trëtt domat d'Successioun vu sengem Grousspapp un, dem Grand-Duc Jean, deen net manner wéi 74 Joer Chefscout war - elo steet de Prënz Guillaume am Déngscht vum Lëtzebuerger Scoutissem, deen eng ronn 8.000 Memberen a benevol Cheffe queesch uechter d'Land zielt.

Dem Ierfgroussherzog Guillaume säi Scoutsverspriechen
E Freideg, de 4. Oktober, leet den neie Chefscout vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouts-Associatioune säin Verspriechen op der Kinnekswiss of.

Vill Impressioune vun der Verspriechensfeier, grad wéi de kompletten RTL-Interview an Toun a Bild mam neie Chefscout, op RTL.lu

RTL NEWS: Interview mam Prënz Guillaume iwwert d'Successioun a säin Engagement
RTL NEWS: De genauen Oflaf vum Prënz Guillaume sengem Scoutsverspriechen

Back to Top
CIM LOGO