
Als Chefscout vu "Scouting in Luxembourg", dem Daachverband vun LGS an der FNEL, ass de Prënz Guillaume domat u sech de Chefscout vun engen 8.000 Guiden a Scouten an hire benevole Cheftainen a Cheffen. Domat steet den Ierfgroussherzog an der Successioun vu sengem Grousspapp Grand-Duc Jean, deen net manner wéi 74 Joer Chefscout war– eemoleg an eenzegaarteg weltwäit.
Am RTL-Interview mam Roy Grotz kënnt de Chefscout Guillaume op säin neit Engagement ze schwätzen, op d'Bedeitung vum Scoutissem an d'Begeeschterung, déi hie bei sengem Grousspapp fir dës benevole "Cause" gesinn huet. De Chefscout schwätzt awer och iwwert d'Bedeitung vum Scoutsverspriechen, dat hien e Freideg a Präsenz vum schwedesche Kinnek Carl Gustav a ville jonken an fréiere Scouten ofleeë wäert.

Den Text vum Scoutsverspriechen:
"Op meng Éier verspriechen ech mäi Bescht ze ginn,
Verantwortung géigeniwwer Gott a mengem Land ze iwwerhuelen,
mech fir meng Matmënschen an d'Ëmwelt anzesetzen
souwéi d'Scoutsgesetz ze respektéieren."
D'Cause an d’Valeure vum Scoutissem ginn duerch d'non-formell Educatioun weidervermëttelt, also duerch de Learning by doing, d'Friddenserzéiung, de Respekt vun Natur an Ëmwelt an och d'Aktioun "Creating a better world".
D'Engagementsfeier gëtt e Freideg live um Site vun RTL gestreamt – an en Donneschdeg den Owend am Magazin op der Tëlee ass och e Gespréich mam Chefscout Guillaume ze gesinn.
1907 huet de Robert Baden-Powell den éischte Camp fir 20 Jongen an England organiséiert. Iwwerzeegt vu senger Trainingsmethod fir Jonker, huet hien am Januar 1908 déi éischt Editioun vum Buch "Scouting for boys" erausbruecht. Bis haut huet sech dëst Buch méi wéi 100 Millioune mol op der ganzer Welt verkaf. De vun him gegrënnte Jugendmouvement ass op verschiddene Prinzipie baséiert. Déi Jonk mussen e Scoutsverspriechen ofleeën an dem Soutsgesetz no handelen. Dëst verbënnt déi Millioune vu Scoute ronderëm déi ganz Welt.
Hei zu Lëtzebuerg ass 1914 d'Scouts Associatioun, d'FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) gegrënnt ginn, 1919 dunn de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten. Am Joer 1938 kruten dunn d'Lëtzebuerger Meedercher a Fraen d'Chance der Scoutsbeweegung als "Lëtzebuerger Guiden" bäizetrieden. D'LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) sinn aus der Fusioun vu béide Verbänn 1994 entstanen.
1945 ass de Grand-Duc Jean als éischte Lëtzebuerger Chef Scout ernannt ginn. Wärend 74 Joer huet hien dës Funktioun erfëllt. Den 1. Mäerz vun dësem Joer huet hien nach un der Séance académique fir 100 Joer LGS deelgeholl.
Haut zielen déi béid Associatiounen zesummen eng 85 Gruppen uechtert d’Lëtzebuerger Land a méi wéi 7500 Memberen.
E Freideg de Mëtten gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume den neie Chef Scout vun der gréisster Jugendbeweegung hei am Land.
Dat offiziellt internationaalt Scoutsverspriechen a Scoutsgesetz vum Weltverband vun de Scouten: www.scout.org
The Scout Promise
On my honour I promise that I will do my best
To do my duty to God and the King (or to God and my Country)
To help other people at all times;
To obey the Scout Law.
The Scout Law
1. A Scout’s honour is to be trusted.
2. A Scout is loyal.
3. A Scout’s duty is to be useful and to help others.
4. A Scout is a friend to all and a brother to every other Scout.
5. A Scout is courteous.
6. A Scout is a friend to animals.
7. A Scout obeys orders of his parents, Patrol Leader or Scoutmaster without question.
8. A Scout smiles and whistles under all difficulties.
9. A Scout is thrifty.
10. A Scout is clean in thought, word and deed.
RTL NEWS: De genauen Oflaf vum Prënz Guillaume sengem Scoutsverspriechen