
Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet den Abbé Guy Diederich mat den Oktavpriedegten 2019 chargéiert. D'Oktav fänkt e Samschdeg, den 11. Mee un a geet mat der Schlussprëssessioun e Sonndeg, de 26. Mee op en Enn. D'Editioun 2019 steet ënnert dem Thema: "Bleif bei eis! – Reste avec nous!"
De Guy Diederich ass 1957 op d'Welt komm, ass 1987 zum Geeschtleche geweit ginn a war duerno Kaploun zu Bouneweg. 1990 ass hien Aumônier vum CHL a Paschtouer ronderëm de Widdebierg ginn. Zanter der Grënnung vun der neier Par "Musel a Syr Saint-Jacques" ass de Guy Diederich Paschtouer an deem Pastoralteam.
De ganze Programm vun der Oktav 2019 ass online op http://oktav.cathol.lu

Zum Thema vun der Oktav vun dësem Joer schreift den Oktavpriedeger:
An deene leschten zwee Jar ass an eiser Kierch villes anescht ginn, a mir sinn nach laang net um Enn domat, weder heiheem nach an der Kierch uechter d'Welt. Et ass eis Chrëschten esou, wéi wa mer munches verluer hätten, wouru mir zanter Generatioune gewinnt (esouguer etlech Mol verwinnt) waren. Wann s Du eppes verléiers, da gëss De méi arem, an dat ass éischter gesot wéi gelieft; mir sinn e räicht Land, wou dat Aremt net vill Wäert huet.
An der Oktav 2019 probéieren ech, mat Iech ze iwwerleeën an dofir ze bieden, datt d'Haaptsaach bleift: eise Glawen un den Herrgott, esou wéi mir en am Jesus senger gudder Noriicht fannen.
"Bleif bei eis!", dat haten déi zwee Jünger vun Emmaus dem Jesus gesot, wéi d'Sonn am Gaang war ënnerzegoen, an Hien ass bliwwe bis si Hien erkannt hunn.
"Bleif bei eis!", och wann d'Klacken net méi dacks lauden, d'Kierch vu Skandaler gerëselt gëtt, a wa mer kee Rouden a kee Wäisse méi hunn, fir am Wanter d'Kierchen ze hëtzen.
"Bleif bei eis!", vläicht dierfe mir esou arem ginn, datt de Glawen eleng bleift fir eis Gemeinschaft op eng nei Manéier am 21. Jaarhonnert ze droen.
Ech hu vir, an der Virbereedung op dës Oktav riets a lénks ze lauschteren an nozefuerschen, wat fir eng Froen néideg wiere fir besprach an iwwerluecht ze ginn.
Fäerdeg Äntwerte wäerte mer keng fannen, mee dofir deen een oder anere Wee, fir eis nei Gedanken ze maachen an eis e Stéck nei ze erfannen. Mir kënnen eis un der Maria, der Jesusmamm, eiser Tréischterin, orientéieren an um Beispill vu villen anere Leit, déi zanter 2000 Jar gespuert hunn, datt Hie bei eis bleift."