Wirtschaftleche Mesurëpak presentéiertDen Detail vum "Neistart Lëtzebuerg"

RTL Lëtzebuerg
700 bis 800 Mio. €: Esou vill kascht den neie Mesurëpak, mat deem d'Regierung d’Wirtschaft an der Suite vun der Corona-Kris wëll relancéieren.
Den Detail vum "Neistart Lëtzebuerg"
700 bis 800 Mio. €: Esou vill kascht den neie Mesurëpak, mat deem d'Regierung d’Wirtschaft an der Suite vun der Corona-Kris wëll relancéieren.

"Neistart Lëtzebuerg" / Reportage Joël Detaille

Sou gëtt beispillsweis e sougenannte "Fonds de relance et de solidarité pour entreprises" gegrënnt, mat deem déi Betriber ënnerstëtzt ginn, déi bis ewell nach net hunn däerfen opmaachen. Beispillsweis d'Horesca, d'Fitness-Centeren oder Betriber aus dem evenementielle Beräich.

Noweise muss een eng Perte vun op d’mannst 25% beim Ëmsaz, gemooss vu Juli un, par Rapport zu deem Mount vum Joer virdrun. E Betrib ka fir all Employé, dee schafft, 1.250 € Hëllef kréien. Fir all Employé, deen net schafft, 250 €. Decisiv ass natierlech, dass de Patron decidéiert huet, seng Entreprise nees opzemaachen.

Commercë mat bis zu 250 Mataarbechter kréien eng direkt a steierfräi Hëllef. Dat si pro Mataarbechter 1.000 Euro fir de Mount Juni, 750 Euro fir de Mount Juli a 500 Euro fir de Mount August mam Zil d'Aarbechtsplazen z'erhalen.

Dernieft gëtt eng forfaitaire "Aide au redémarrage" agefouert, déi op d’PMEe limitéiert ass, a wou et e Freideg vum zoustännege Minister Lex Delles soll Detailer ginn.

De steierlechen Abattement fir Proprietäre vu Geschäftslocalitéiten, déi hire Locatairen de Loyer reduzéieren, gëtt iwwerdeems verduebelt, mat engem Plaffong vu maximal 15.000 €. Bis zum Enn vum Joer soll et och keng Hausse vun de Loyeren däerfe ginn.

D'Allocation de vie chère gëtt fir dëst Joer och verduebelt. Dovunner profitéiere virun allem Persounen, déi de Mindestloun oder net vill méi, kréien, respektiv Salariéeën, déi de Chômage partiel kréien.

D'Kuerzaarbecht gëtt dann och verlängert. De Chômage partiel wier dem Aarbechtsminister Dan Kersch no de Garant, fir géint de Chômage kënne virzegoen an och d'Instrument vun der sozialer Kohesioun. Bis Enn dës Joers wäert de Staat och garantéieren, dass keen, deen am Chômage partiel ass, manner wéi de Mindestloun ka verdéngen. Eng digitaliséiert Prozedur, fir d’Kuerzaarbecht unzefroen, wier an der Maach.

Fir den Tourismus zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen, kritt all Resident iwwer 16 Joer an och all Frontalier ee Bong am Wäert vu 50 Euro fir eng Iwwernuechtung an enger Struktur zu Lëtzebuerg.

Eng helle Wull vun nohaltegen Aidë sinn dann och am Pak mat dran, wéi beispillsweis eng Hausse vun der Primm, wann een een Elektroauto respektiv eng Elektrocamionnette  keeft, ëm 60%. Och d'Primm House, also wann ee säin Haus oder seng Wunneng energetesch verbessert, gëtt ëm 50% gehéicht.

De staatlechen Invest an dat nationaalt Schinnennetz soll sech fir d'nächst Joer iwwerdeems op iwwer 420 Milliounen € chiffréieren. Wat dem Nohaltegkeetsminister François Bausch no op d'Awunnerzuel ëmgerechent europäesche Spëtzewäert wier.

E Mëttwoch de Mëtteg hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Point iwwert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg gemaach.

PDF: Grafik

Back to Top
CIM LOGO