Caisse MédicoDen éischte Grondstee vum neien CMCM-Gebai ass geluecht

Pierre Jans
D'CMCM, d'Caisse Médico Complémentaire mutualiste, plënnert. Dat zwar eréischt an zwee Joer an och net wäit.
Den éischte Grondstee vum CMCM-Gebai ass geluecht
D'CMCM, d'Caisse Médico Complémentaire mutualiste, plënnert. Dat zwar eréischt an zwee Joer an och net wäit.

Et geet vun der Stroossbuerger Strooss just ëm den Eck an d'Hollerecher Strooss. Um Samschdeg de Moie gouf awer schonn den éischte Stee geluecht. Den Direkter Fabio Secci war gudder Laun, well ëmmerhi gouf virun 10 Deeg an der Chamber och en neit Mutualitéite-Gesetz gestëmmt. Vum aktuelle Gebai bis bei den neie Chantier: just 150 Meter Loftlinn. D'CMCM huet sech en neit Doheem geleescht. D'Memberszuele sinn op 270.000 geklommen. Den Direkter vun der CMCM Fabio Secci: ''Mir sinn hei am Gebai esou opgedeelt, dass mir eigentlech eisen Service fir de Member net uerdentlech kënne gestalten. Mir sinn op dräi Etage verspreet, mir hu ganz wéineg Raimlechkeeten, wou mir d'Leit kënne bei eis empfänken. Virun allem Leit mat schwéiere Krankheete kommen awer dacks bei eis, fir sech renseignéieren ze loossen an Devisen ze froen. Fir déi néideg Diskretioun an eng besser Zesummenaarbecht tëscht de Servicer ze garantéieren, hu mir entscheet, dass mir en neit Gebai géinge bauen.''

Fir ronn 25 Milliounen Euro. Am Garer Quartier am Kader vun engem grousse Bauprojet. De Lëtzebuerger Konstrukteur Roland Kuhn erkläert: ''Heihi kënnt och Logement, dat heescht et ass een Deel Büro, en aneren Deel ass Logement, natierlech an enger Top-Qualitéit an och energetesch op héijem Niveau.''

Abordabele Wunnraum dierft dat hei awer net ginn. Bis d'Gebai fäerdeg ass wëll d'CMCM bei hirer Aarbecht iwwregens ganz ouni Pabeier eens ginn.

D'Caisse Médico ass am Prinzip eng Genossenschaft, en Zesummeschloss vu Persounen, déi sech vis-à-vis vu Risiken ofsécheren. Solidaresch, ouni Selektioun, an ouni Gewënnzweck. Komplementar zu der Gesondheetskeess. Rezent gouf d'Reform vum Mutualitéite-Gesetz vun 1961 an der Chamber gestëmmt.

D'Mutuellen kënnen net ënnert en EU-Reglement falen, dat awer fir Assureure gëllt, déi Versprieche fir d'Zukunft maachen. Dat begréisst den Direkter Fabio Secci: ''Mir verspriechen näischt an d'Zukunft, mir encaisséieren eemol d'Joer d'Kotisatioun vun de Memberen. Dat ass eise Stack. Dann deele mir aus. Wa mir eppes iwwreg behalen, ëmsou besser. Wa mir eng Kéier näischt méi hunn, da kënne mir net méi ausbezuelen, da musse mir e Kongress aberuffen. Da musse mir entweder d'Prestatiounen erofsetzen oder méi Kotisatioune siche goen. Et ass also e Kontrakt op héchstens ee Joer. Dat mécht, dass déi Mutuellen déi sech just un déi Zort vu Mechanismus halen, elo vun der Chamber confirméiert, net kënnen ënner ''Solvency'' (Red.: EU-Reglement) kommen.''

CMCM hat zejoert Prestatiounen am Wäert vu 40 Milliounen Euro ausbezuelt.

Back to Top
CIM LOGO