Invité vun der Redaktioun (5. Mäerz) - Guy HoffmannRisk vun Zënshaussen, mee och vun negativem Impakt op d'Ekonomie

François Aulner
En Donneschdeg de Moie waren d'Repercussioune vum Iran-Krich op d'Ekonomie Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Guy Hoffmann
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den Iran-Krich ass "bal en Déjà-vu" mat der russescher Invasioun vun der Ukrain viru bal genee véier Joer. Dat sot de de Vizepresident vun der Bankenassociatioun ABBL a President vun der Raiffeisen en Donneschdeg de Moien hei op RTL. D'Hausse vun den Energiepräisser kéint nees e Rateschwanz hunn. Et wier nach ze fréi fir ze soen, ewéi eng Konsequenzen déi aktuell Volatilitéit op de Finanzmäert op Lëtzebuerg an Europa hätten. Et géing dovunner ofhänken, ewéi laang de Krich am mëttleren Osten am Endeffekt dauert.

Als Banquier hätt een awer schonn "zwou, dräi Saachen um Radar", esou de Guy Hoffmann. Éischtens den Impakt op d'Kapital vun den Investisseuren a vun de Banke selwer, zweetens d'Hausse vun den Energiepräisser, déi en Impakt op d'Solvabilitéit vun de Gesellschaften a vun de Leit hätt an dann drëttens de Risk, datt d'Zënsen an d'Luucht ginn.

Wann d'Präisser klammen, wier de Reflex, d'Zënsen an d'Luucht ze setzen. Mee d'Zënsen an d'Luucht setzen, bremst nees d'Ekonomie, déi dem Guy Hoffmann no an der europäescher Unioun an zu Lëtzebuerg aktuell schwaach ass. Do bräicht et net méi vill, fir datt et "kippt". D'Politik an d'Zentralbanke wieren an enger "delikater" Situatioun.

De Banquier huet nach drop higewisen, datt iwwerdeems d'Boursse sech an e puer Deeg schonn e bësse "corrigéiert" hätten a sech virum Konflikt éischter eng Zënsbaisse ugedeit hat, eng Baisse elo éischter méi onwarscheinlech gi wier.

Et geet de Banken net anescht ewéi de Leit

"Mir gi genau sou midd wéi d'Bierger dobaussen", sou de Guy Hoffmann, deen och Vizepresident vun der Bankenassociatioun ABBL ass. Nieft dem Iran-Krich ginn et nach d'US-Stroftaxen op Importer, mee och aner Erausfuerderunge fir d'Banken. En "Dauerbrenner", wier d'Reglementéierung, déi esou "gewalteg" gi wier, datt hien d'Gefill hätt, datt dat och géing ufänken, de Clienten "op d'Nerven ze goen". D'Bankenassociatioun ABBL hätt schonn aktiv Propose gemaach.

Da gëtt et nach de "Volet IT", d'Digitaliséierung an d'kënschtlech Intelligenz, wou et de Leit net aneschtes géing goen, ewéi de Banke selwer. D'Cybersécherheet géing se beschäftegen a vill Sue kaschten, mee och déi nei Verhale vu Clienten, déi beispillsweis 24 op 7 gär bedéngt wieren.

De Guy Hoffmann wier houfreg drop, datt seng Bank, d'Raiffeisen, e "flotte Mix" vu perséinlechem Kontakt mat de Clientë géing héichhalen a gläichzäiteg aus der Digitaliséierung dat erauszezéien, wat d'Relatioun mam Client just nach kéint verbesseren. Et géing een op zwou Schinne fueren.

Wat d'kënschtlech Intelligenz ugeet, mengt de Guy Hoffmann net, datt déi méi Gefore fir d'Banke mat sech bréngt, well se och kéint agesat gi fir d'Kriminalitéit ze bekämpfen. Nieft all de Virdeeler, déi d'K.I. kéint hu fir Routineaarbechten ewéi Reporting ze vereinfachen.

Invité vun der Redaktioun: Guy Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO