
1. Schäffe gëtt de Leo Lutgen, 2. Schäffen den Tom Staus. De Marc Fisch mat den zweetmeeschte Stëmme gëtt Conseiller an ënnerstëtzt dës Konstellatioun vum Schäfferot, an där d’Jo Clausse als Drëttgewielt net mat derbäi ass. Si ass d’Duechter vum fréiere Buergermeeschter Raoul Clausse, deen 2018 verstuerwen ass.
Op de sozialen Netzwierker weist si sech enttäuscht, doriwwer datt si net consideréiert gouf an datt si net hätt dierfte matschwätzen.