20.000 Doudeger, iwwer 40.000 Verhaftungen, dat war d’Äntwert vun der franséischer Regierung op den Opstand vun de Paräisser, direkt nom Krich tëschent Frankräich a Preussen, am Joer 1871. D'Awunner aus der Haaptstad fille sech vun hirer Regierung am Stach gelooss a proklaméieren eng onofhängeg République Prolétarienne. Fir der franséischer Justiz net an d'Gräpp ze falen, blouf den Exil déi bescht Optioun.
Eng ganz Rei Communarden hu sech dofir hei am Land verstoppt. Net verstoppt, mä zréckgezunn, hat de franséische Schrëftsteller Victor Hugo sech mat senger Famill zu Veianen, dat ganzer 3 Méint an dat mam Accord vun de Lëtzebuerger Autoritéiten.
Année Terrible, Semaine sanglante, Massenexekutiounen
Wat tëscht dem 21. an dem 28. Mee 1871 geschitt ass, verschafft de Victor Hugo och an engem Text iwwer Veianen. Den Auteur huet mat de Communarde sympathiséiert a stoung a Kontakt mat den Exil-Paräisser. Am Victor-Hugo-Haus ginn et zeg Dokumenter aus där Zäit.
Eng Stèle um Sichenhaff
D'Reaktioun vun der franséischer Regierung op d'Revolte vun de Paräisser war esou brutal, dass d'Communarde sech an d'Ausland verzunn hunn. Zwee vun hinne sinn am Pafendall gelant. Et war e kuerzen Exil. 1873 stierwen den Auguste Martin an de François Sordet am Pafendaller Hospice a ginn um Sichenhaff begruewen.
D'Communarden haten deemools an hunn och haut nach eng ganz Rei Sympathisante bei der Gauche. An hiert Engagement huet Schoul gemaach. A méi wéi engem Betrib gouf deemools gestreikt a no anstännege Paie gefrot, wéi zum Beispill an der Händschefabrick am Gronn.