Aarmutsrisiko bei jonke LëtzebuergerDeputéiert setze sech kritesch mat Eurostat-Etüd auserneen

Lynn Kayser
Lëtzebuerg kënnt op déi zweete Plaz am europäesche Vergläich wann et ëm den Aarmutsrisiko bei Jonke geet. Dat hat Eurostat an enger Etüd publizéiert.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Just a Rumänien sinn déi Jugendlech deem Risiko nach méi ausgesat. En Donneschdeg war wéinst där Statistik eng Aktualitéitsstonn an der Chamber, déi vun der grénger Fraktioun ugefrot gouf. D'Thema soll net minimiséiert ginn, esou eng Rei Deputéiert, déi sech awer méi kritesch mat den Zuelen ausenee gesat hunn.

Aarmutsrisiko bei jonke Lëtzebuerger / Rep. Nadine Gautier

RTL-Artikel: Etüd vun Eurostat: Aarmut bei jonke LëtzebuergerDéi Zuele wiere relativ volatil. Esou eng Ausso vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann. Hei wiere knapp iwwert 200 Jugendlecher befrot ginn. D’Statistik ass dowéinst, ze nuancéieren.

Et géif wuel Jugendlecher ginn, déi riskéieren, an d’Aarmut erofzerutschen, do kann ee sech der Responsabilitéit, fir déi Leit opzefänken, net entzéien. An der Haaptsaach géif de Risiko, fir an d’Aarmut ze falen, op déi héich Logementspräisser zeréckzeféiere sinn. Ma wéi kann een déi Jonk virum Risk schützen? Do huet de Marc Spautz vun der CSV en Donneschdeg direkt e puer Piste ginn. Zum Beispill misst d’Logik vun den Aarbechtsverträg iwwerschafft ginn. Déi Jonk sollten CDIe kréien am Plaz mat CDDen ofgespeist ze ginn.

Et bréicht een och Wunnstrukture fir déi Jonk, déi net méi doheem kënnen oder wëlle wunnen.

Den Niveau vun de Formatioune musse weider héich bleiwen, huet dann de Fernand Kartheiser vun der ADR a senger Interventioun ënnerstrach.

Et dierft een d'Aen net virum Fait schléissen, datt d'Inegalitéiten tëscht de Leit ëmmer méi grouss ginn. Wann ee vun Aarmut schwätzt, misst een op der anerer Säit och vum Räichtum schwätzen, sot de Marc Baum vun déi Lénk. Et wier dofir net gehollef dës eng Etüd ze nuancéieren. Aner Etüden hätte scho gewisen, datt d'Ongläichheeten ëmmer méi grouss ginn.

Ee vu sëlleche Projeten, fir de Jugendlechen ënnert d'Ärem ze gräifen, wier d'Garantie Jeunesse. An déi géif hir Friichten droen, huet den Aarbechtsminister Dan Kersch en Donneschdeg gesot.

Jonker bis 30 Joer kënne vun der Garantie Jeunesse profitéieren.

Back to Top
CIM LOGO