LCGBD'Firma Aluzare S.A vun Éilereng ass faillite

RTL Lëtzebuerg
Leider hätten d'Aarbechtsplaze vun de ronn 30 Salariéen net kéinte gerett ginn, heescht et weider an engem Communiqué vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond.

Déi concernéiert Mataarbechter sollen an enger Versammlung iwwer d'Detailer an iwwer eventuell Indemnitéiten informéiert ginn. Zu gläicher Zäit soll hinne bei der Sich no enger neier Aarbecht gehollef ginn.

D'Firma Aluzare huet metallen Dieren a Fënstere produzéiert.

Back to Top
CIM LOGO