En Dënschdeg gouf de Gilles Feith vum Verwaltungsrot un d'Spëtzt vun der Luxair genannt an ersetzt domat den Adrien Ney, deen no 15 Joer an d'Pensioun geet. Fir all Airline an de ganze Secteur wieren et schwéier Zäiten an net evident, déi richteg Mesuren ze fannen.
"Ech sinn iwwerzeegt, datt wann ech den 1. Juni ufänken, datt déi Leit, déi do sinn, déi sech immens vill Gedanke gemaach hunn, wéi een dat kann ugoen. An ech wäert hëllefen. deen Appui ze ginn, fir déi Decisiounen ze huelen, déi néideg sinn. Ech mengen och, datt eng Firma wéi d'Luxair am Lëtzebuerger Modell muss kënnen agile sinn, fir sech deenen Defien an dësen Zäiten ze stëllen."
Ech sinn iwwerzeegt datt wann ech den 1. Juni ufänken, datt déi Leit déi do sinn déi sech immens vill Gedanken gemaach hunn wéi een dat kann ugoen. An ech wäert Hëllefen deen Appui ze ginn fir déi Decisiounen ze huelen déi néideg sinn. Ech mengen och datt eng Firma wéi d'Luxair am Lëtzebuerger Modell muss kënnen agile sinn fir sech deene Defien an dësen Zäiten ze stëllen.
D'Nominatioun vum Gilles Feith un der Spëtzt vum LuxairGroup huet nawell fir Gespréich gesuergt. Den 43 Joer ale Beamten huet Commerce a Finanze studéiert, war zu Lescht Generalkoordinator am Verdeedegungsministère an huet elo rezent d'Krisenzell an der Santé geleet. Erfarung an der Aviatioun huet hie keng.
"Et ass en Job, deen an dësen Zäiten immens schwéier ass. Ech mengen net, datt een dofir muss Kamikaze sinn. Ech wäert mat ganz vill Asaz, ganz vill Energie probéieren, wierklech grouss Tâchen do entgéingt ze huelen. Ech sinn och frou, op d'Vertraue vu mengem Minister an och op d'Vertraue vum Conseil ", sou de Gilles Feith am RTL-Interview.
De Gilles Feith beschreift sech selwer als e Mënsch, deen exigent ass. Deen ongedëlleg gëtt, wann anerer him bei der Aarbecht just nokucken.
"Ech mengen, datt eng Luxair wéi all aner Gesellschaft den Defis vun der Digitalisatioun muss meeschteren. Och Gestioun de Projet. Ech mengen, ech duerft eng ganz breet Erfarung a ganz ville Beräicher erliewen. Déi kann een zum Asaz bréngen. Ech sinn och e Mënsch, ech probéiere mat de Leit déi bescht Solutiounen ze fannen."
Den 1. Juni, den Dag, wou de Gilles Feith seng nei Funktioun untriede wäert, sollen éischt Luxair-Maschinnen nees starten. Sou ass et den Ament emol geplangt. Wei vill Passagéier dann iwwerhaapt bereet sinn, nees an e Fliger ze klammen, weess momentan nach keen.
14 Deeg méi spéit soll da LuxairTours, de profitabele Pilier vum Grupp, nees Leit an d'Summervakanz bréngen. D'Aktivitéit am Cargozenter huet den neien CEO elo selwer, an der Kris, mëtten an der Kris ëmdréckt.
Eleng wäert de Gilles Feith de LuxairGroup net dirigéieren. E Mann, dee sech als Team-Player gesäit. Dee selwer de Secteur vun der Aviatioun intensiv entdecke wäert. Lauschtere wëll, iert Decisioune falen.
"Et wär immens falsch, souguer iwwerhieflech ze mengen, datt wann een dat vu bausse kuckt, datt een do mat Léisunge kann dohinner kommen. Et muss ee mat deene Leit, déi do sinn schaffen, fir dat ze fannen, wat zu deem Ament de richtegen Dengen ass. Do muss een Decisiounen huelen. Dat ass e wichtege Punkt. Bei deenen Decisioune wäert een och heiansdo missen ajustéieren, duerno. Dat ass normal. Dat, wat sécher falsch ass, ass keng Decisiounen huelen an dëser Zäit ", sou de Gilles Feith.
Ech gleewen un dat mënschlecht Kapital, generell an onser Gesellschaft. Ob d'Luxair ouni Entloossungen duerch d'Kris kënnt, ob Staatshëllefen néideg wäerte sinn, dofir wier et ze fréi, sech haut festzeleeën, sou den neie Mann u Bord vum LuxairGroup.
