Um Bau gëtt et net méi genuch OpträgD'Handwierk verlaangt d'urgence temporär Mesuren

Pit Everling
D'Ventë fir nei Konstruktioune si quasi op Null an d'Käschte fir d'Entrepreneuren explodéieren.
D'Handwierk schléit Alarm
D’Commande-Bicher gi méi eidel a fir d’anert Joer riskéiert een, wäit manner Unitéiten ze bauen ewéi néideg. Derbäi kommen héich Materialkäschten.

Um Lëtzebuerger Bau dréint et net méi an d’Responsabel schloen Alarm, datt d’Situatioun an e puer Méint dramatesch kéint sinn. D’Firme kréiche massiv Problemer a kéinte virun allem net méi déi vill Unitéite bauen, déi gebraucht ginn.

Alarm um Bau - De Reportage vum Pit Everling

“Den Investisseur ass inexistent. D’Ventë si quasi op Null. D’Notairen hu bal keng Akte méi ze maachen”, seet de Roland Kuhn vun der Federation des Artisans (FDA).

D’Suerg ëm d’Gesondheet vun de Betriber ass dat eent, de Manktem u Logement dat anert. D’nächst Joer kéinte 1.500 Wunnunitéite manner realiséiert gi wéi geplangt, schätze se am Handwierk. D’Demande no Wunnraum wier awer weider do.

Zesumme mat der Chambre des Métiers verlaangt d’FDA dowéinst urgent politesch Géigemesuren, dat wärend 12 Méint, fir esou d’Investissementer an de Logement nees unzekierpen. Also temporär.

  • Den Enregistrement op der realiséierter Constructioun soll ewechfalen.
  • E speziellen ëffentleche Fong misst privat Projeten opkafen, déi “en suspens” sinn.
  • De super-reduzéierten TVA-Taux vun 3% misst och nees fir d’Kreatioun vu Locatiounswunnenge gëllen an de Plaffong kéint vu 50.000 op 100.000 Euro erop goen.
  • De Steierkredit beim bëllegen Akt soll vun 20.000 op 30.000 Euro erop goen.
  • Den Amortissement accéléré misst iwwerdeems zeréck op 6% gesat ginn.

Déi Proposen huet d’Handwierk dem Logementsminister Henri Kox ënnerbreet, seet de Roland Kuhn. “Et gëtt ëmmer méi bëlleg, dat do ze maachen, wéi wa Chômage misst bezuelt ginn oder wa Faillitë géinge kommen”. Rezent annoncéiert politesch Logementsmesurë wiere leider zum Deel kontraproduktiv a géifen den Investisseur bremsen.

D’Regierung hätt wësse gedoen, datt een d’Situatioun aktuell géing analyséieren an am Februar géing Positioun bezéien, heescht et vun de Responsabelen aus der Constructioun.

Um Bau schaffen iwwregens eng 60.000 Leit bei ronn 4.000 Entreprisen.

Back to Top
CIM LOGO