
Bannent de leschte Woche sinn iwwer 66.000 Appellen erakomm, esou de Gesondheetsministère e Freideg. D'Maisons-médicalle géifen iwwerdeems an der zweeter Hallschent vum Mee nees opmaachen.
De Support adresséiert sech u Leit, déi an dësen Zäiten Ängscht an Onsécherheete verspieren a sech mat hire Froe eleng gelooss fillen. D’Nummer ass den 8002-8080.
